lundi 29 octobre 2012

D'Jugendparlament - Chance fir déi Jonk oder Spillball vun de Parteien?

Nodeems mam Cátia Gonçalves an dem Serge Wilmes zwee Mandatsträger iwwer hie Erfahrung am Jugendparlament erzielt hunn kommen an dësem läschten Artikel weider Vertrieder vu Partien zu Wuert a werfe e méi kritesche Bléck op d'Zesummesetzung an Aarbecht vum Jugendparlament.

Fir beim Jugendparlament matzemaachen ass eng Parteimemberschaft net noutwenneg; am Géigendeel: d'Jugendparlament soll partei-politesch neutral bleiwen. Allerdéngs goufen et bezüglech dësem Virsaz an der Vergaangenheet Diskussiounen: sou kritiséieren Déi Jonk Gréng am Juni 2011, dass d'Jugendparlament "wiederholt für parteipolitische Veranstaltungen wirbt."

Och den Jeff Feller, Schäffen an der Ärenzdallgemeng, Generalsekretär vun den "Jonken Demokrate Lëtzebuerg" dozou:

"D'Jugendparlament kann en wichtegt Instrument sinn fir Jonker politesch ze bilden a fir Politik am Allgemengen ze begeeschteren. Et ass eng Méiglechkeet mat Alterskollegen iwwert Politik ze diskutéieren an sech ze engagéieren ouni direkt mussen enger Partei bäizetrieden. Politikverdrossenheet bei Jonken ass nämlech ganz oft duerch Parteienverdrossenheet bedéngt.

A genau do gesinn ech e groussen Hoke beim Jugendparlament, wann ech gesinn, datt verschidde Parteien, respektiv hir Jugendorganisatioune bewosst oder onbewosst Afloss op d'Jugendparlament an seng Memberen huelen. Et ass net per se schlecht, datt parteipolitesch engagéiert Jonker gläichzäiteg Member vum Jugendparlament sinn. Dat ganzt ass awer bedenklech, wann op déi Aart a Weis probéiert gëtt des Institutioun parteipolitesch ze mëssbrauchen.

Wei kann et zum Beispill sinn, datt Jugendparteien, vu Parteie guer net ze schwätzen, partout net a Lycéeë gelooss gi fir mat Schüler iwwert Politik ze diskutéieren, awer gläichzäiteg d'Jugendparlament, duerch de Staat gesponsert, offiziell Werbung a Campagnen a Schoule ka maachen? Besonnesch viru Wahlen ass dëst eng delikat Fro déi sech stellt, wann den ee Kandidat a Schoulen indirekt Werbung fir sech ka maachen, well en am Jugendparlament aktiv ass, an en aneren net.

Et muss een och bei der Aussenduerstellung vum Jugendparlament oppassen. D'Jugendparlament gëtt net gewielt, vertrëtt also och net d'Meenung vun all Jonkem zu Lëtzebuerg.

Ech plädéiere fir eng besser a konsequent politesch Bildung an eise Schoulen, well och e Jugendparlament kann net kompenséiere wat schonn am freien Alter verpasst gouf."

Den Sven Clement, Präsident vun der Piratepartei a fréiere Member vum Jugendparlament gesäit dës Institutioun zwar net als Spillball vun den Parteien, ma kritiséiert, dass et dem Jugendparlament u Bëss feelt:


CC-BY Tobias M. Eckrich
"Ech selwer wor 2 Joer am Jugendparlament an hunn d'Jugendparlament ëmmer als ganz konstruktive Forum verstanen. E konstruktive Forum deen et jonke Mënschen, deelweis mat Parteibackground, deelweis ouni, sech iwwer politesch Themen auszetauschen. Och wann et ëmmer erëm vu quasi alle Säite probéiert gouf eng Agenda am Jugendparlament ze etabléieren sou ass dat a mengen Aen ni wierklech gelongen, dat heescht, trotz aller Kritik um Jugendparlament kann een net behaapten datt et e Spillball vun de Parteie wier.

De grousse Problem vum Jugendparlament ass awer net datt et als Spillball kéint benotzt ginn, mä éischter datt et e Plazebo ass. Während dat erklärtent Zil misst sinn fir méi jonk Mënschen an d'Chamber ze schécken ass d'Jugendparlament en Ofstellgleis oder anescht ausgedréckt eng Sandkaul. Als Sandkaul hëlleft d'Jugendparlament sécher datt Jonker sech kennen un der Politik ausprobéieren, mä schlussendlech ass d'Jugendparlament en Tiger ouni Zänn.

D'Jugendparlament ass sécherlech eng Chance fir Jonker an d'Politik eranzeschnupperen an Erfahrungen ze sammelen, mä et muss een sech net erwaarden datt een politescht Gewiicht géif kréien. D'Jugendparlament ass leider eng Parallelwelt déi vill Potentialer net notzt, mä trotzdem denken ech datt et Sënn mëscht sech z'engagéieren a wann et och nëmmen ass fir probéieren d'Jugendparlament méi ze profiléieren."



Photo vun http://www.jugendparlament.lu/

All ons Interviewpartner gesinn am Jugendparlament eng Chance Politik méi no un d'Jugend ze bréngen. Allerdéngs feelt et och net un Kritik. Ass et iwwerhaapt méiglech eng politesch Diskussiounsplattform ouni Afloss vu Partien ze schaafen? Ass et iwwerhaapt erwënscht, schliesslech sin net och d'Parteien déi an onser Demokratie zur politescher Wëllensbildung bäidroen. Vläit ass och d'Beschreiwung "Parlament" fir en net-gewielten Organ net gelongen an erwächt falsch Erwaardunge bei jonke Mënschen, déi sech op d'Experiment aloossen.

Wat haalt dir vum Jugendparlament, wéi géif dir et verbesseren an méi kënne jonk Leit motivéiert ginn an d'Politik ze goen? Mir sinn op är Kommentare gespaant, ënnert dësem Artikel, op Facebook, Twitter oder Google+!

E Statement vun Déi Jonk Gréng gëtt nogereecht soubal mer e kruten.

Dësen Artikel gouf verfaasst vum Jerry Weyer. Bei Froe steet d'Nummer 00352 661 860 401 zur Verfügung.

Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus


Ëmmer au Courant bleiwen. 
Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:


abgeordnetenwatch.de bei Facebook
abgeordnetenwatch.de bei Twitter
Politikercheck.lu
rue Principale
9091 Vichten
Tel: 00352 305996
email: info@politikercheck.lu

www.politikercheck.lu
Politiker Check Asbl
LU060019295593123000
B.I.C. : BCEELULL
BANQUE : BCEE




Politikercheck ass eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire