Wat ass är aktuellt politescht Mandat?
Serge Wilmes: Ech sinn am Moment Deputéierten an mat mengen 30 Joer, dee jéngste vun deene 60 déi um Krautmaart sëtzen.
Wéini war dir am Jugendparlament, wéi laang, a wéi enger Funktioun an a wéi enger Kommissioun?
Serge Wilmes: Ech wor just ganz kuerz am éischte Jugendparlament dobäi well ech wéinst mengen aneren Engagementer net genuch Zäit hat fir kënne wierklech voll mat ze maachen.
Wéi huet d'Jugendparlament Iech op är aktuellt Mandat virbereet? Ass d'Aarbecht fir är aktuellt Mandat mat där am Jugendparlament vergläichbar? Wat ass ähnlech, wat ass anescht?
Serge Wilmes: D’Jugendparlament huet mech elo net wierklech op meng Aarbecht als Deputéierte virbereet well ech e wéi gesot nëmme ganz kuerz dobäi wor. Ech fannen awer, dat d’Jugendparlament een wichtegen Deel vun engem senger politescher Bildung ka sinn. Zesumme mat anere Jonken, kritesch, konstruktiv iwwer Politik ze schwätzen ass eng wonnerbar Schoul. Net nëmme fir een méiglecht politescht Engagement mä fir d’Liewen.
D’Aarbecht vun engem Deputéierten an engem Member vum Jugendparlament hunn eng sëlleche Parallelen : et gi séance plénièren wou iwwer Positiounen ofgestëmmt gëtt, et gi Kommissioune wou déi Positiounen diskutéiert an präparéiert ginn. Den Ënnerscheed ass, dat der Chamber hir Decisiounen herno fir d’ganzt Land obligatoresch sinn.
Denkt der, dass d'Jugendparlament d'Partizipatioun vu jonke Mënschen an der Politik erhéicht?
No 3 Joer Existenz, ass d’Jugendparlament een festen Deel vun der politescher Partizipatioun vun deene Jonke ginn. Natierlech kéinten nach méi Jonker Member vun dëser flotter Institutioun sinn. Allerdéngs hunn schonn e puer honnert Jonker an deene Joere matgemaach. An dat sinn der méi e wéi virdrun. Jiddwer eenzelne Jonken ass wichteg, well en seng Meenung ka soen an anere Jonke vum Jugendparlament erzielt. An esou wäerten, hoffentlech, ëmmer méi Jonker nees politesch aktiv ginn.
Mir soen Merci fir d'Äntwerten!
Photo vun http://www.jugendparlament.lu/
D'Memberen vum Jugendparlament ginn net iwwer Wahlen bestëmmt, ma et kann all Persoun matmaachen déi sech registréiert. Fir d'Sessioun 2012/2013 hudd der dozou nach bis zum 24. Oktober 2012 Zäit.
Am nächsten Artikel kommen weider Politikerinnen a Politiker zu Wuert zum Thema "D'Jugendparlament - Chance fir déi Jonk oder Spillball vun de Parteien?"
Foto vum Serge Wilmes vun chd.lu.
Dësen Artikel gouf verfasst vum Jerry Weyer. Bei Froe steet d'Nummer 00352 661 860 401 zur Verfügung.
Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus
Ëmmer au Courant bleiwen.
Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:
Politikercheck.lu rue Principale 9091 Vichten Tel: 00352 305996 email: info@politikercheck.lu www.politikercheck.lu | Politiker Check Asbl LU060019295593123000 B.I.C. : BCEELULL BANQUE : BCEE |
Politikercheck ass eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire