lundi 22 octobre 2012

D'Jugendparlament - den éischte Schrëtt an d'Chamber?

D'Jugendparlament ass eng Platform fir Jonker aus Lëtzebuerg tëscht 14 an 24 Joer déi zesummen diskutéieren an debattéieren wëllen iwwer Themen déi hiert d'alldeeglech Liewen betreffen. D'Ziel vum Jugendparlament ass et d'Engagement vun Jonker ze stäerken an se an d'Politik erun ze féieren. Bereed d'Jugendparlament een op d'politesch Aarbecht fir? Ass d'Jugendparlament eng Chance fir Jonker mat der Politik a Kontakt ze kommen, oder nëmmen e Spillball vun den Parteien? Mir hunn mat Politiker a Politikerinne geschwaat, déi dës Froen beäntwerten!



Photo vun http://www.jugendparlament.lu/

Den Ufank mëcht d'Cátia Gonçalves, Conseillère fir d’LSAP an der Gemeng Péiteng:

Wat ass är aktuellt politescht Mandat?

Cátia Gonçalves: Ech sinn säit de Gemengewahlen 2011 Conseillère fir d’LSAP an der Gemeng Péiteng.

Wéini war dir am Jugendparlament, wéi laang, a wéi enger Funktioun an a wéi enger Kommissioun?


Cátia Gonçalves: Ech sinn säit dem Ufank, d.h. säit dem Hierscht 2009, mat dobäi a sinn an de Virstand gewielt ginn di zwee éischt Joeren. Ech war deemno fir d’éischt Vize-präsidentin 2009-2010 an duerno Secrétaire internationale. Dat zweet Joer war vill um Programm well mer un e neit Konzept geschafft hunn an dat war net esou einfach. Säit 2011 sinn ech en einfache Member bliwwen, well ech net méi déi Zäit hunn fir aktiv matzeschaffen. Ech wäert an Zukunft net méi dobäi sinn well ech d’Altersgrenz, déi op 24 Joer gesat ginn ass, erreecht hunn.

Wat d'Kommissioune betrëfft, war ech haaptsächlech an der Gesondheetskommissioun dat éischt Joer wou mer och fir d’éischt eng Motioun fir d’Recht op eng Ofdreiwung gestëmmt hunn, an duerno haaptsächlech an der Kommissioun “Politique sociale, économie et emploi”.

Wéi huet d'Jugendparlament Iech op är aktuellt Mandat virbereet? Ass d'Aarbecht fir är aktuellt Mandat mat där am Jugendparlament vergläichbar? Wat ass ähnlech, wat ass anescht?

Cátia Gonçalves: D’Jugendparlament huet mer erlaabt en déiwe Bléck an d’Politik ze werfen, besonnesch wat den Oflaf vum politesche Prozess an der Gesetzgebung an dem allgemenge Fonctionnement vun den lëtzebuergeschen Institutioune betrëfft. An dem Sënn war et eng gutt Schoul, och wann ech elo a mengem Mandat a Beruff nach méi Wëssen entwéckelt hunn. Ech war déi Zäit wou ech am Virstand als Vize-Präsidentin vum Jugendparlament war, di eenzeg déi keng Parteikaart hat, an dat huet mer och wichteg geschéngt, well dat mir erlaabt huet di verschidden Ideologien ze vergläichen a mäi Point de Vue ze äusseren ouni datt ech mat enger bestëmmter Partei associéiert gi sinn.

Op där aner Säit hunn ech mech am Laf vu mengem Engagement fir eng Partei entscheed, well ech der Meenung sinn datt een als Jonken sech och soll an deene gutt etabléierten Institutiounen engagéiere fir déi ebe vu banne kënnen ze änneren, resp. nei Ideeën anzebréngen.

D’Jugendparlament ass, wéi schonns gesot, eng gutt Schoul och um mënschleche Plang an do kann een vill Parallelen zéie mat dem wat an der Politik geschitt. Konflikter kommen op, et ass och net ëmmer einfach seng Meenung ze soen ouni datt heiansdo staarke Géijewand kënnt an ech hu mech selwer ganz oft a Fro gestallt, wéi a wat ech gesot hunn, fir datt den Debat ëm verschidden Ideeën net en Debat iwwer Persoune gëtt, an dat ass haut nach ëmmer net einfach.

Et ass awer och immens flott aner Leit kennen ze léieren déi aktiv an der Politik sinn, resp. och etabléiert Politiker am Kader vun diversen Entrevuën. Et ass och beräicherend zesummen op een Zil hinzeschaffen, an esou wéi dat och an der Politik ass, ganz gutt Momenter mateneen ze verbrénge wou een fräi a begeeschtert Ideeën austauscht an zesummen d’Welt nei erfënnt.

Vun der Form hier kann een also d’Aarbecht gutt vergläichen, allerdings ass et esou datt mer meeschtens Theme behandelen déi éischter am nationale Spektrum vun der Politik ze fanne sinn, woubäi Lokalpolitik ze kuerz kënnt. Dat ass net einfach bei 106 Gemengen, mä dat bleift eng weider Erausfuerderung fir d’Jugendparlament.

Denkt der, dass d'Jugendparlament d'Partizipatioun vu jonke Mënschen an der Politik erhéicht?

Cátia Gonçalves: Allgemeng géing ech soen datt d’Jugendparlament eng ganz gutt politesch Schoul ass, wou d’Pädagogie eng wichteg Roll spillt an dat virun allem well di politesch Bildung an der Schoul elementar ass an deene Jonker net erlaabt Politik selwer ze erliewen an ze entdecken.

En ofschléissenden Kommentar zum Jugendparlament?

Cátia Gonçalves: D’Jugendparlament ass fir mech eng Plaz wou een Demokratie erliewen an sech eng eege Meenung iwwert d’Politik an iwwert wichteg gesellschaftlechen Theme maache kann, ouni Zwang, ouni Drock, a wou een och als Jonken a senge Fäegkeeten a Kapazitéiten gestäerkt gëtt, wat besonnesch an Zäite vu Krisen eng gutt Viraussetzung ass fir méi positiv an d’Zukunft ze kucken.

Mir soen Merci fir d'Äntwerten!



Photo vun http://www.jugendparlament.lu/

D'Memberen vum Jugendparlament ginn net iwwer Wahlen bestëmmt, ma et kann all Persoun matmaachen déi sech registréiert. Fir d'Sessioun 2012/2013 hudd der dozou nach bis zum 24. Oktober 2012 Zäit.

Am nächsten Artikel wäert den Serge Wilmes, jéngsten Deputéiert an der Chamber, ons iwwert seng Erfahrungen am Jugendparlament erzielen. Am läschten Artikel kommen weider Politikerinnen a Politiker zu Wuert zum Thema "D'Jugendparlament - Chance fir déi Jonk oder Spillball vun de Parteien?"

Dësen Artikel gouf verfasst vum Jerry Weyer. Bei Froe steet d'Nummer 00352 661 860 401 zur Verfügung.

Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus

Ëmmer au Courant bleiwen. 
Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:


abgeordnetenwatch.de bei Facebook
abgeordnetenwatch.de bei Twitter
Politikercheck.lu
rue Principale
9091 Vichten
Tel: 00352 305996
email: info@politikercheck.lu

www.politikercheck.lu
Politiker Check Asbl
LU060019295593123000
B.I.C. : BCEELULL
BANQUE : BCEE





Politikercheck ass eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire