mardi 16 octobre 2012

Politikercheck Relaunch - neien Design, nei Funktiounen, besseren Dialog!

An den nächste Woche kritt Politikercheck.lu en neien Design a méi Funktioune fir en amélioréierten Dialog op Aenhéicht tëscht Biergerinnen a Bierger an Deputéiert kënnen ze realiséieren. An dësem Artikel gi mer en kuerzen Ausbléck wéi ons Plattform wäert an Zukunft ausgesinn!

Wat changéiert?

  • Verbessert Iwwerfläch. D'Struktur vun der Plattform gëtt méi oppen a kloer. D'Resultat ass eng méi hell an aluedend Säit, op där wichteg Element wéi z.B. d'Sichfunktioun, eng fest Platz hunn.
  • Verkierzte Weeër. Di nei Navigatiounslëscht bitt en direkten Zougrëff op all Element um Site.
  • Interaktivitéit. All Contenu Ofstëmmung, Froen oder Niewenakommes kënne mat engem Klick op iwwer sozial Netzwierker gedeelt ginn. Besonnesch heefeg gedeelte Froen, Äntwerten oder Ofstëmmunge ginn all Notzer ugewisen. Zukünfteg bestëmmt Dir wéi en Contenu op Politikercheck.lu besonnesch wichteg ass.
  • Eenheetlechen Optrëtt. Politikercheck.lu wäert en neie Logo a Faarfschema kréie fir en eenheetlechen Optrëtt an eng erkennbar Identitéit opzeweisen.


Nei Plattform um Beispill vun abgeordnetenwatch.de. Weider Screenshots um Enn vun dësem Artikel.

Di nei Plattform kann och schonn an enger Beta-Versioun getest ginn, bei onsen iresche Kollegen (dailwatch.ie) an op der tunesescher Plattform (marsad.tn).

Nieft den offensichtlechen Ännerungen un der Plattform ginn et och am Hannergrond Verännerungen. De System gëtt komplett op Drupal ëmgesat wat et an Zukunft och externen Entwéckler erméiglecht Plattform weider ze entwécklen.

Dës Ëmstellungen hunn natierlech hire Präis - Entwéckler an Designer musse bezuelt ginn an d'Weiderentwécklung an d'Maintenance muss garantéiert ginn. Als Partnerprojet vun abgeordnetenwatch.de, déi den gros vun den Entwécklungskäschten iwwerhuelen, muss Politikercheck.lu sech un den entstane Käschte bedeelegen. Dofir biede mir ëm Spende fir de Projet - nëmme mat Ärer Hëllef kënne mir en Dialog op Aenhéicht tëscht Biergerinnen a Bierger an der Politik garantéieren!

Mir brauchen Är Ënnerstëtzung!  

Maacht elo en Don fir Politikercheck.lu an hëlleft mat e konstruktiven Dialog tëscht Biergerinnen a Bierger a Politiker ze erméiglechen. Wëll Transparenz schaaft Vertrauen!

Ons Bank-Coordonnéeën:

Politiker Check A.s.b.l.
BANK: BCEE
IBAN: LU060019295593123000
KOMMUNIKATIOUN: Don "Politikercheck.lu"
MONTANT: All Montant hëlleft ons!

Oder Spend direkt iwwer PayPal:




Weider Screenshots vun der neier Plattform, um Beispill vun abgeordnetenwatch.de:

Profil vun den Deputéiert.

Ofstëmmungen.


Gemengen-Iwwersiicht.

Bei Froe steet d'Nummer 00352 661 860 401 (Weyer Jerry) zur Verfügung.

Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus

Ëmmer au Courant bleiwen. 
Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:


abgeordnetenwatch.de bei Facebook
abgeordnetenwatch.de bei Twitter
Politikercheck.lu
rue Principale
9091 Vichten
Tel: 00352 305996
email: info@politikercheck.lu

www.politikercheck.lu
Politiker Check Asbl
LU060019295593123000
B.I.C. : BCEELULL
BANQUE : BCEE





Politikercheck ass eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire