jeudi 11 octobre 2012

Präsenzlëschten an der Chamber: Absencen mussen motivéiert ginn!

Säit dem 9. Oktober ass d'Chamber an der Sessioun 2012 - 2013 - Zäit e Bilan zur leschter Sessioun ze zéien. Säit der 4. Seance vun der Sessioun 2011 - 2012 ginn um Chamber-Site d'Präsenzlëschte vun den Sëtzunge verëffentlecht. E genau Bléck op dës Lëschte wéist: en repräsentativt Indiz fir d'Aarbecht vun den Deputéiert sinn dës Lëschten net sulaang Absencen net motivéiert ginn!

Säit der 4. Seance vun der Sessioun 2011 - 2012 waren Deputéiert parteiiwwergräifend bei 92% vun de Sëtzunge präsent. D'DP an Déi Lénk hunn de klengste Wäert mat 89%, d'ADR mat 97% den héchsten.


Präsenz a Prozent vun den Deputéiert geuerdnet no Partei, Seance 4 bis 39 vun der Sessioun 2011 - 2012.

Och bei den eenzelnen Deputéiert ginn et majoritär héich Prozentsätz bei der Präsenz: sou war een Drëttel vun den Deputéiert bei all Sëtzung sur place, nëmmen 4 Deputéiert ware bei manner wéi 80% präsent.

Deputéiert ënnert 80% Präsenz an der Sessioun 2011 - 2012 (ab Seance Nr. 4). Net-excuséiert war an der duergestallter Periode keen oder keng Deputéiert, ënnert "excuséiert" gëtt gelëscht wéi oft eng oder een Deputéiert gefeelt huet mat Excuse.(*)

An dëser Oplëschtung wéist sech den Problem mat den Präsenzlëschte wéi se d'Chamber aktuell praktizéiert. Sou huet z.B. d'Deputéiert Anne Brasseur an 53% vun den Sëtzunge gefeelt - en héije Wäert op den éischte Bléck. Allerdéngs ass op der Lëscht net vermierkt wisou d'Deputéiert feelen - dëst verfälscht d'Duerstellung.
Op Nofro huet d'Anne Brasseur erklärt, dass Sie als Deputéiert an der Assemblée vum Conseil de l'Europe d'lëtzebuerger Chamber representéiert. Dëst Mandat implizéiert Reesen (z.B. a Rumänien zu Verhandlungen an der Regierungskrise oder an Tunesien als Wahlbeobachterin), Rieden oder regelméisseg Sëtzungen a Rapporten. D'Funktioun als ALDE Presidentin an deem Zesummenhang ass eegenen Aussoen no souwuel mat der DP Fraktioun an der Chamber, wéi mat der Presidence vun der Chamber ofgeschwat.

Och beim Fernand Boden, dee bei 28% vun de Sëtzunge gefeelt huet, ass d'Situatioun ähnlech. Hien ass Vize-Präsident vun der Assemblée Parlementaire vum Conseil de l'Europe, Vertrieder fir d'lëtzebuerger Parlament am COSAC oder op internationale Konferenzen. D'Präsenzlëscht spigelt dës Mandater a Funktiounen an di fälleg Aarbecht allerdéngs net widder.

Dës weidere gëtt op de Lëschten net vermierkt wann Deputéiert krankheetsbedingt feelen. 

Di aktuell Regelung vun der Presence-Lëscht geet net wäit genuch; zwar léist sech fir de Bierger an d'Biergerin novollzéie wéi oft eng Deputéiert oder en Deputéierten an der Chamber präsent waren, allerdéngs ass dat aktuellt Verfahre kee Gradmesser fir d'Aarbecht vun den Deputéiert ze jugéieren.

Dobäi ass et wichteg fir Wielerinnen a Wieler kënnen anzeschätzen op Deputéiert an zukünfteg Kandidatinnen a Kandidaten hier Aarbecht gewëssenhaft ausfëllen. Dofir ass et noutwenneg d'Präsenzlëschten ze erweideren, sou, dass d'Deputéiert kënnen de Grond fir hier Absencen uginn.

(*) An enger éischter Versioun gouf den Deputéiert Serge Urbany mat enger Präsenzquote vun 78% uginn. Di korrekt Zuel ass 80%.

Dëse Blogpost gouf verfaasst vum Jerry Weyer während enger Weiderbildung bei Abgeordnetenwatch.de. Bei Froe steet d'Nummer 00352 661 860 401 zur Verfügung.

Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus

Ëmmer au Courant bleiwen. 
Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:


abgeordnetenwatch.de bei Facebook
abgeordnetenwatch.de bei Twitter
Politikercheck.lu
rue Principale
9091 Vichten
Tel: 00352 305996
email: info@politikercheck.lu

www.politikercheck.lu
Politiker Check Asbl
LU060019295593123000
B.I.C. : BCEELULL
BANQUE : BCEE





Politikercheck as eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire