vendredi 26 octobre 2012

D’Wahl di keng war – Yves Mersch an EZB Direktorium

CC BY-SA 3.0 ArcCan (Wikipedia.com)

De 25. Oktober huet d'EU Parlament eng Kandidatur vum Yves Mersch als Europäescher Zentralbank (EZB) Direktoriumsmember an engem geheime Vote ofgeleent. D’EU Parlament awer huet als eenzegt direkt gewielten Organ an der EU an der Prozedur nëmmen eng berodend Funktioun - den Europäesche Rot muss sech a senger Entscheedung net un den Avis vum Parlament halen. Nieft der aktueller Diskussioun ronderëm d'Ënnerrepresentatioun vu Fraen an Führungspositiounen an der EU muss och den demokratesch Defizit am Choix vum EZB Direktorium ugeschwat ginn: weder ass den Vote vum Parlament bindend, nach kann et selwer Kandidatinnen oder Kandidate presentéieren.

Den EZB Direktorium besteet aus 6 Memberen, dem Präsidenten, Vize-Präsidenten an 4 weidere Memberen (vun deenen aktuell eng Positioun net besat ass). D’Amtszäit vun den Memberen ass 8 Joer – Poste gi gestaffelt nei gewielt fir en Ausscheede vum gesamte Gremium ze verhënneren. Kandidate fir oppe Poste gi vum den Wirtschafts- a Finanzministere vun de Memberstate proposéiert an vum Europäesche Rot gewielt. D’EU Parlament huet eng reng berodend, net-bindend Roll. Den Yves Mersch war den eenzegen Kandidat fir de Posten.

An der EU ass et also den Europäesche Rot, deen sech aus den Staats- a Regierungschefe vun de Memberlänner zesumme setzt, deen iwwer den EZB Direktorium decidéiert. Den Rot als intergouvernemental Institutioun entscheed - ouni legalen Afloss vun der Exekutiv (EU Kommissioun) oder Legislativ (EU Parlament).

Interessant ass och, dass den Vote iwwer d'Nominéierung vum Yves Mersch en geheime Vote war - d.h. just d'Resultat ass publizéiert ginn, net awer d'Ofstëmmverhaalen vun den Deputéiert. De Vote secret ass en essentielle Bestanddeel vun enger Demokratie; dëst gëllt awer nëmme fir d'Wahle vun de Deputéiert selwer. Stëmmen d'Deputéiert am Numm vun de Biergerinnen a Bierger of mussen d'Voten transparent an oppe sinn fir kënnen d'Verantwortung vun den Vertriederinnen a Vertrieder anzeschätzen.


Ofstëmm-Protokoll vun der Sëtzung vum Europäesche Parlament den 25. Oktober 2012

D’Regierungen aus den Memberstaten hunn den Nominéierungsprozess fir den EZB Direktorium ganz an hirer Hand – souwuel d’Europäesch Exekutiv (Kommissioun) wéi och di demokratesch legitiméiert Legislativ (EU Parlament) hunn legal keen Nominéierungs- oder Entscheedungsafloss. An der Praxis spillt eng politesch Muecht vum Parlament allerdéngs eng Roll - allerdéngs ass et net virauszegesinn op an dësem Fall dësen "gentlemens agreement" agehalen gëtt. Sou geet den lëtzebuergesch EU Deputéiert Charles Goerens (DP) dovun aus, dass den Yves Mersch trotz dem negativem Vote nominéiert gëtt.

Den demokrateschen Defizit vun der EU wéist sech och an dem Fall Yves Mersch. Souwuel den net-bindende Vote wéi och den Vote secret entspriechen net den néidegen demokratesche Viraussetzung. Och an der EU gëllt: Transparenz schaaft Vertraue!

Dësen Artikel gouf verfasst vum Jerry Weyer. Bei Froe steet d'Nummer 00352 661 860 401 zur Verfügung.

Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus

Ëmmer au Courant bleiwen. 
Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:

abgeordnetenwatch.de bei Facebook
abgeordnetenwatch.de bei Twitter
Politikercheck.lu
rue Principale
9091 Vichten
Tel: 00352 305996
email: info@politikercheck.lu

www.politikercheck.lu
Politiker Check Asbl
LU060019295593123000
B.I.C. : BCEELULL
BANQUE : BCEE





Politikercheck ass eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire