mardi 30 octobre 2012

Ons Partnerprojets: Abgeordnetenwatch.de - wien ass dat?

Politikercheck.lu ass Deel vun engem internationale Projet. Den éischte Portal, dee mat dem Konzept "Bierger froen - Politiker äntwerten" méi Transparenz an d'Politik bruecht huet ass abgeordnetenwatch.de. An der Serie iwwert ons Partnerprojets stelle mer Haut d'Grënner vun der Idee an d'Entwéckler hanner onser Plattform fir.

Vertéischt waren et d'Hamburgerinnen an d'Hamburger, déi 2004 hier Deputéiert an der Biergerschaft konnte befroen. Bei der Volléksofstëmmung iwwer dat neit Hamburger Wahlrecht hunn sech vill Leit d'Fro gestallt: "Wéi soll ech eng Persoun wielen - ech kënnen dës Leit dach guernet?" Dono koum bei engem Patt Béier dem Team ëm den Boris Hekele an den Gregor Hackmack d'Idee e Konzept ze entwécklen fir d'Kluft tëschend de Wieler an de Gewielten ze iwwerwannen: Abgeordnetenwatch ass zu Hamburg gestart ginn. Am Dezember 2006 koum den Bundestag dobäi, dono d'Europaparlament a Kommunalparlamenter. Donieft huet d'Plattform staark Kooperatioune mat verschidde Medien opgebaut, déi e.a. bei Kandidatenchecks viru Wahlen erméiglechen sech iwwer d'Kandidatinnen a Kandidaten ze informéieren. Abgeordnetenwatch gëtt regelméisseg weiderentwéckelt, wouvun och mir als Partnerplattform profitéieren.



Abgeordnetenwatch ass scho méi wéi eng kéier fir hiert politescht Engagement ausgezeechent ginn, e.a. mam Grimme Online-Award 2005, mam Fairness-Initiativpreis 2010 oder mam Deutscher Engagementpreis 2011 (Publikumspreis).

An den läschte Wochen huet sech den Afloss vun abgeordnetenwatch.de gewisen: nodeems sie schon am Mee 2010 an hirem Blog opgedeckt hunn, dass et grouss Problemer mat den Niewenakommes am däitsche Bundestag ginn, gouf d'Thema mat der designéierter Kanzlerkandidatur vum Peer Steinbrück erop opgerullt. Hei een vu villen Optrëtt vum Gregor Hackmack wou en de Problem mam ontransparenten Niewenakommes erklärt:

Gregor Hackmack von abgeordnetenwatch.de bei Maybrit Illner 18.10.2012 (Youtube)
No dem Erfolleg vun der däitscher Plattform huet sech d'Idee an aner Länner verbreet. An den nächsten Artikel wäerte mer op di weider Projets z.B. a Irland an Tunesien agoen! Weider Detailer zu abgeordnetenwatch.de fannt der an hirem Jahres- und Wirkungsbericht 2011.

Dësen Artikel gouf verfaasst vum Jerry Weyer. Bei Froe steet d'Nummer 00352 661 860 401 zur Verfügung.

Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus

Ëmmer au Courant bleiwen. 
Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:
abgeordnetenwatch.de bei Facebook abgeordnetenwatch.de bei Twitter
Politikercheck.lu
rue Principale
9091 Vichten
Tel: 00352 305996
email: info@politikercheck.lu

www.politikercheck.lu
Politiker Check Asbl
LU060019295593123000
B.I.C. : BCEELULL
BANQUE : BCEE





Politikercheck ass eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire