Photo: Ste Murray | www.ste.ie |
D'Trennung déi tëscht den Biergerinnen a Bierger an hire Representantinnen a Representanten existéiert huet en negativen Afloss op d'Gesondheet vun onser Demokratie an minimaliséiert ons Fähegkeet ons vun der aktueller Finanzkris ze erhuelen.
Zitat aus http://www.thejournal.ie
Weider Artikelen zum Launch vun dailwatch.ie sinn e.a. am Irish Examiner oder an der Irish Times ze fannen. Fotoe sinn op hirer Facebook Säit ze gesinn.
Dailwatch.ie ass aus enger Zesummenaarbecht mat Ashoka entstanen, déi och schonn abgeordnetenwatch.de ënnerstëtzt hunn, a gëtt duerch Spenden an Fondatioune finanzéiert. Ashoka ass eng Organisatioun, déi an iwwer 70 Länner Sozialentrepreneuren, d.h. Mënschen, déi sech innovativ, pragmatesch a laangfristeg fir e positive Wandel an der Gesellschaft asätzen, ënnerstëtzt (cf. Wikipedia). D'Ashoka Fellows genannte Stipendiaten erhale finanziell, materiell an intellektuell Ënnerstëtzung fir hire Projet bekannt ze maachen. De Gregor Hackmack, Grënner vun abgeordnetenwatch.de war 2011 en Ashoka Fellows a gouf an der Weiderentwécklung vum Projet ënnerstëtzt.
Interessant un dailwatch.ie ass och, dass d'Plattform di nei Versioun vum Site benotzt, déi och Politikercheck.lu an den nächste Woche wäert opsetzen. Jiddereen, dee gären en Preview vun der Drupal Plattform hätt soll op di iresch Versioun kucke goen!
Dësen Artikel gouf verfaasst vum Jerry Weyer. Bei Froe steet d'Nummer 00352 661 860 401 zur Verfügung.
Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus
Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus
Ëmmer au Courant bleiwen.
Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:
Politikercheck.lu rue Principale 9091 Vichten Tel: 00352 305996 email: info@politikercheck.lu www.politikercheck.lu | Politiker Check Asbl LU060019295593123000 B.I.C. : BCEELULL BANQUE : BCEE |
Politikercheck ass eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire