vendredi 26 avril 2013

Politikercheck an der Praxis: Är Fro bis an d'Chamber!

Politikercheck.lu gouf gegrënnt fir BiergerInnen méi no un d'Politik ze bréngen. Politik soll erëm vun de BiergerInne kënne beaflosst ginn. Wéi dat an der Praxis mat Hëllef vu Politikercheck kann funktionéieren weist dëst Beispill vun enger Biergerfro, déi et bis an d'Chamber bruecht huet.

Den 7. Abrëll stellt e Bierger op Politikercheck dem Deputéierten Jean Colombera (Indépendant) eng Fro: wisou gëtt d'Thema "Uranmunitioun a Krisegebidder" net an der Chamber behandelt?

2 Deeg drop d'Äntwert - den Deputéierten Colombera ënnerstëtzt dës Fuerderung a versprécht eng Interventioun am Parlament:

Ech wärt dem Arméiminister ärt Uleies iwwermëttelen vielleicht an der Form vun enger Question parlementaire oder an enger Aktualitéitsdebatt am Plenum vun der Chamber.

Jean Colombera (Indépendant)

Weider 7 Deeg méi spéit: eng Question Parlementaire zu genau dësem Thema gëtt un den Arméiminister gestallt: Question écrite n°2667 - Sujet : Munition à uranium appauvri. Elo muss den Minister am Délai vun engem Mount op dës Fro äntwerten.

9 Deeg vun enger Fro op Politikercheck bis zu enger Question Parlementaire - Är Meenungen an Ideen an der Chamber: mat Politikercheck ass et méiglech!

Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus

Ëmmer au Courant bleiwen. 
Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:

abgeordnetenwatch.de bei Facebook
abgeordnetenwatch.de bei Twitter
Politikercheck.lu
rue Principale
9091 Vichten
Tel: 00352 305996
email: info@politikercheck.lu

www.politikercheck.lu
Politiker Check Asbl
LU060019295593123000
B.I.C. : BCEELULL
BANQUE : BCEE





Politikercheck ass eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05

jeudi 11 avril 2013

Code de Déontologie: MinisterInnen sollen sech selwer kontrolléieren

D'Affär Cahuzac schléit a Frankräich héich Wëllen - den fréiere Budgetsminister Jérôme Cahuzac huet virum Fiskus mindestens 600.000€ verstoppt an méintelaang d'Parlament an d'Ëffentlechkeet belunn. Als Reaktioun op dës Affär versprécht den Präsident François Hollande elo, dass nächste Woch all franséisch MinisterInnen hiert Verméigen oppe leeën.

Awer scho virum Cahuzac Skandal war déi franséisch Praxis a Saachen Transparenz vun der Regierung besser wéi zu Lëtzebuerg: eng Transparenz-Kommissioun huet, hannert zouen Dieren, Deklaratioune vun den MinisterInnen gepréift.

Wéi zu Lëtzebuerg d'Problematik vun Interessekonflikter an d'Lächerlechkeet gezunn ginn erklärt d'Lëtzebuerger Land den 22. Juni no enger Erklärung vum Premierminister:
Schon vor vier Jahren hatte Jean-Claude Juncker die Vereidigung seiner Regierungen folgendermaßen beschrieben: „Déi, déi mat mir an enger Regierung waren, wëssen, dass, wa mer vum Grand-Duc aus dem Palais bei mech an de Büro kommen, fir Schampes ze drénken – dat ass esou eng Gewunnecht, ech weess net, ob se gutt ass –, ech ëmmer froen: Wien huet Aktien? Wou huet hien Aktien? Ech wéisst dat gär.“ Es gibt also schon Verhaltensregeln – aber wie das dem CSV-Staat nützlich ist, sind sie Chefsache.
Lëtzebuerger Land, Manéiere kann ee léieren, 22.06.2012

Eng Propose vun engem Code de Déontologie "light"


Dës Praxis soll sech awer änneren: de Regierungsrot huet den 12. Mäerz 2013 eng Propose fir en Code de Déontologie virgeluecht. D'MinisterInnen gesi no den Affären wéi Wickrange/Livange oder Cargolux selwer an, dass en Code de Déontologie wichteg ass:
Tout un nombre d’arguments plaident en faveur de l'élaboration d'un Code de  déontologie.
An trotzdem, ewéi scho beim Code de Déontologie fir Deputéiert, vermësst et d'lëtzebuerger Politik méi ze maache wéi néideg fir sech net méi am internationale Verglach ze blaméieren. Während souguer a Frankräich, wou sech laang géint méi Transparenz gewiert gouf, elo all Verméige vu MinisterInnen soll oppe geluecht ginn (eng Praxis, déi vu Portugal, bis Rumänien oder Estland längst etabléiert ass) gëtt zu Lëtzebuerg Transparenz am Schrëtttempo agefouert.

Gouvernement.lu
Virun der Assermentatioun vun neie MinisterInne mussen dës dem Premierminister eng Lëscht mat hire bezuelten Tätegkeete bis 10 Joer virun dem MinisterInneposten deklaréieren.

Dëst Lëscht soll op d'Declaratioun vun individuelle Partizipatiounen an Firme limitéiert sinn - Deklaratioun vu Borgeldreserven, Immobilien, Schmock oder Autoe soll, anescht wéi elo a Frankräich, net mussen ëffentlech gemaach ginn.


D'Lëscht soll "regelméisseg" aktualiséiert ginn. Sanktioune bei Net-Respekt ginn et keng, och keng genau Délai. Eenzeg Méiglechkeet en Non-Respect fest ze stellen an "politesch Konsequenzen" (déi am Code néirens definéiert sinn) ze fuerderen ass en Comité d'Etique.

Comité d'Etique nominéiert vun der Regierung selwer


De Comité d'Etique, deen den Respekt vum Code kontrolléiere soll, gëtt vun der Regierung, also den Kontrolléierte selwer, agesat a soll z.B. vun fréieren MinisterInnen, Deputéierten oder Jugen zesumme gesaat ginn. All nei Regierung dierf den Comité nei besetzen an huet et esou selwer an der Hand, wéi eng Persounen si kontrolléiere sollen. Amplaz op eng onofhängeg Instanz ze sätzen oder d'Nominatioun z.B. vun der Chamber oder der Médiatrice ofhängeg ze maachen, kritt d'Regierung d'Kontroll vum Comité d'Etique direkt selwer an d'Hand!

Och bei Geschenker ass déi aktuell Propose onduerchsiichteg. Geschenker oder Iwwernuechtungen a Reesen déi vu Privatpersoune bezuelt gi sinn erlab, wann se "de Reegele vun der Courtoisie" entspriechen. Wéi eng dës Reegelen sinn misst dann den Comité d'Etique entscheeden - eng Organ wat vun den Kontrolléierte selwer nominéiert gouf.

Déi franséisch Regierung mëscht et grad fir, wéi transparent eng Regierung ka sinn - wëll se opgrond vu Recherchë vu Journalisten, trotz wochelaangen Dementi vun enge Minister, hunn missen agesinn, dass Politik muss transparent gestalt gi fir dass BiergerInnen kënnen informéiert Entscheedungen treffen. Zu Lëtzebuerg soll awer och d'Regierung net zefill transparent ginn a léist en souwisou schon limitéierte Code de Déontologie vun engem Comité iwwerwaachen, dee si selwer dierfen ernennen.

Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus

Ëmmer au Courant bleiwen. 
Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:

abgeordnetenwatch.de bei Facebook
abgeordnetenwatch.de bei Twitter
Politikercheck.lu
rue Principale
9091 Vichten
Tel: 00352 305996
email: info@politikercheck.lu

www.politikercheck.lu
Politiker Check Asbl
LU060019295593123000
B.I.C. : BCEELULL
BANQUE : BCEE





Politikercheck ass eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05

lundi 8 avril 2013

Dës Woch an der Chamber: Waasser"privatiséierung", Lag vun der Natioun, Informatiounsaustausch

Dës Woch kënnt d'Chamber erëm aus der Ouschter-Paus an traitéiert direkt e puer wichteg Dossieren.

Dënschden 9. Abrëll 2013: Diskussioun zur Waasser"privatiséierung"

Nodeems d'Europa Kommissioun Pläng verëffentlecht hat, deen et Member Staaten géif erlaben den Zougang zu Waasser ze "liberaliséieren" an "privatiséieren", an nodeems eng Europäesch Biergerinitiativ iwwer 1 Millioun Ënnerschrëfte géint dës Propose gesammelt huet, beschäftegt sech den 9. Abrëll d'Chamber op Demande vun der LSAP mat dem Thema.
CC BY Cyron (Flickr)

Während d'Kommissioun erklärt, dass net d'Privatiséierung vum Zougang zum Waasser, ma d'Autonomie vun den lokalen Administratioune geplangt ass, fuerdere Géigner vun der Propose, dass Waasserversuergung net dierf den interne Reegele vum Marché ënnerleien.

"Warum ist das so negativ ? Während die Trinkwasserversorgung in der Hand der Gemeinden und Städte ist, haben diese kein Profitinteresse. Sie sind einzig daran interessiert, eine gute Wasserqualität zu erhalten. Die Kosten und auch nicht mehr werden auf den Bürger umgelegt. Sobald ein privates Unternehmen die Wasserversorgung von der Gemeinde übernimmt ändert sich die Interessenslage. Es geht nun nur noch darum möglichst hohen Profit daraus zu schlagen. Dazu werden als erstes die Gebühren drastisch erhöht. In einigen europäischen Kommunen um das Vierfache. Darüber hinaus spart man bei der Pflege und Wartung der Anlagen. Die Folge sind höhere Schäden an den Leitungen (Wasserverschwendung durch Leckagen) und Verkeimung des Trinkwassers. Um dieser Verkeimung entgegenzuwirken wird fortan großzügig gechlort. Das ist wesentlich billiger als Pflege und Wartung der Anlagen zum Erhalt reinen Wassers."
Source

D'Diskussioun ass an der Chamber den 9. Abrëll no 14:30.

No der Diskussioun ronderëm d'Waasser"privatiséierung" entscheed d'Chamber iwwert eng Rëtsch international Traitéen zum Austausch vu klassifizéieren Informatioune esouwéi diskutéiert iwwer d'Sanctiounen déi der Europäescher Unioun zur Dispositioun stinn.

Mëttwoch/Donneschden 9/10. Abrëll 2013: Ried zur Lag vun der Nation an Diskussioun

De Mëttwoch ab 10:00 hält den Premierminister Jean-Claude Juncker seng Ried zur Lag vun der Nation. Dëst Joer wäert dës Ried besonnesch wichteg sinn wëll de Modell Lëtzebuerg international ënner groussem Drock steet no der Zypern Krise. Ob den Premierminister d'Deputéierten iwwerzeege ka gitt Dir den Donneschden 10. Abrëll ab 9:00 an 14:00 an der folgender Diskussioun an der Chamber gewuer.

Weider Informatiounen iwwer d'Woch an der Chamber um Site chd.lu.

Verfollege kënnt Dir d'Seance live iwwert den Chamber TV Stream op Chd.lu, oder direkt op dëser Säit:



Stream zur Verfügung gestallt vun Chd.lu.

Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus

Ëmmer au Courant bleiwen. 
Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:

abgeordnetenwatch.de bei Facebook
abgeordnetenwatch.de bei Twitter
Politikercheck.lu
rue Principale
9091 Vichten
Tel: 00352 305996
email: info@politikercheck.lu

www.politikercheck.lu
Politiker Check Asbl
LU060019295593123000
B.I.C. : BCEELULL
BANQUE : BCEE





Politikercheck ass eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05

vendredi 8 mars 2013

Niewenakommes oppe leeën - elo! Code de Conduite - zwee Schrëtt no fir, een no hannen



D'Institutioune-Kommissioun huet den Mëttwoch 6. Mäerz en Avant-Projet vun engem "Code de Conduite" fir Deputéierte presentéiert. Déi aktuell Reegele sinn chaotesch an verstoppe méi, wéi se oppe leeën - d'Chamber gesäit, grad no der Affär Wickrange/Livange, Grond fir d'Reegelen ze änneren a proposéiert en neien Code de Conduite. E grousse Kritikpunkt: den Stufesystem.

Déi aktuell Propose am Iwwerbléck


Den Code de Conduite soll Interessekonflikter net verbidden, ma als "Système d'Alerte" agéieren andeems méiglech Konflikter oppe geluecht ginn.

Interessekonflikter endlech definéiert

Chd.lu
All perséinlechen an direkten Interêt an enger Affär, déi vun der Chamber diskutéiert gëtt fält an d'Kategorie "Interessekonflikt" a muss dem Chamberpresident schrëftlech oder mëndlech matgedeelt ginn (Artikel 2).

Dës Regelung ass wichteg fir d'Vote vun Deputéierte kënnen anzeschätzen. Allerdéngs sollten dës Deklaratiounen och dem Public zur Verfügung stoen, an net nëmmen dem Präsident deklaréiert ginn!

Deklaratioun vu finanziellen Interessen - ouni Immobilien an Terraine

30 Deeg no der Assermentatioun oder no engem Changement an den Deklaratioune mussen Deputéierten hier finanziell Interessen oppe leeën (Artikel 4 - 1). Heimatter ännert den Avant-Propos eng wichteg Lacune am aktuellen Text: en Délai bei de Publikatiounen.

Et mussen deklaréiert ginn:
  • Berufflech Tätegkeete bis 3 Joer virun der Assermentatioun als Deputéierten, sou wéi d'Partizipatioun an deem Zäitraum an Conseils d'Administration, ONGs, Associatiounen oder weider Organisatiounen,
  • Aktuellt Akommes resultéierend aus politesche Mandater,
  • Aktuellt Akommes nieft der Aarbecht als Deputéierten,
  • Aktuell Partizipatioun an Conseils d'Administration, ONGs, Associatiounen oder weider Organisatiounen,
  • All weider bezuelten Aktivitéit iwwer 5.000€ am Joer (z.B. Rieden oder kënschtleresch Tätegkeeten),
  • Partizipatioun an Organisatiounen, déi en Afloss op Ëffentlechkeet kéinten hunn,
  • All weidert Akommes fir politesch oder anerwäerteg Tätegkeeten.
Dës Lëscht ass e Fortschrëtt zur aktueller Praxis. Allerdéngs feelt eng wichteg Kategorie: Immobiliebesëtz an Terraine. Besonnesch en Relatioun mat Groussprojekter ass et wichteg fir BiergerInnen ze wëssen ob Deputéiert eventuell Interessekonflikter ausgesat sinn wëll privat Immobilien oder Terrainen zur Debatt stinn. A Russland, Rumänien oder Polen gëtt Immobilienbesëtz schon verëffentlecht - Lëtzebuerg muss dëst och virgesinn!

De Problem vum Stufesystem

Laut Kommentare vum Avant-Projet baséiert d'Propose haaptsächlech op den Systemer aus Frankräich, der Belsch, Däitschland an dem Europaparlament. Wisou grad dës Länner gewielt goufen ass onkloer - sinn se dach am internationale Verglach net dofir bekannt, déi transparenteste Reegelen a Saachen Niewenakommes ze hunn. Esou léist sech allerdéngs d'Inclusioun vum Stufesystem erklären, dee souwuel an Däitschland wéi och am Europaparlament benotzt gëtt.

Déi aktuell Propose ass allerdéngs problematesch: Deputéierte sollen net hier finanziell Interesse komplett oppe leeën, ma a Kategorien tëscht 5.000 an 10.000, 10.001 bis 50.000, 50.001 - 100.000, an iwwer 100.000€ d'Joer andeelen.

Dëse System erlaabt er weiderhin Niewenakommes ze verstoppen - sou léist sech an der Stufe 2 (10.001 bis 50.000€) z.B. Akommes mat engem Ënnerscheed vun 49.999€ pro Joer verstoppen - ouni Begrënnung!


Donieft ass déi niddregst Stuf 5.000€ d'Joer (zum Verglach: an Däitschland sinn et 1.000€). Dës Stuf ass vill ze héich ugesat - och finanziell Avantagë vun z.B. 4.000€ kënnen en Interessekonflikt bedeiten!

De Stufesystem huet an Däitschland versoot - Lëtzebuerg soll de Mutt hunn direkt déi transparenteste Method ze wielen an Deputéierten hiert Niewenakommes op Euro an Cent verëffentlechen!

Geschenker - limitéiert Transparenz

Den Avant-Projet gesäit fir, dass Deputéiert keng Geschenker dierfen unhuele mat engem Wäert iwwer 150€. Geschenker ënner 150€ mussen deklaréiert an publizéiert ginn.

Dës Reegele gëllen allerdéngs nëmme fir Geschenker déi Deputéiert am Exercice vun hirer Funktioun als Deputéiert kréien! Privatgeschenker, ausser bezuelte Reesen, bleiwe weiderhi verbuergen! Dëst ass besonnesch kritesch bei Geschenker mat héijem Wäert - schenkt z.B. e Promoteur engem Deputéierten eng Rolex, da soll dëse finanziellen Interêt och publizéiert ginn!


Bei bezuelte Reesen ass den Avant-Projet méi kloer: all vun Drëtten (ausser international Organisatiounen) bezuelte Rees muss deklaréiert ginn.

Sanktioune

Iwwerwaacht gëtt d'Applikatioun vum Code de Conduite vun engem onofhängegen "Comité de Conduite", deen aus Memberen ausserhalb vun der Chamber besteet an vum Bureau vum Parlament nominéiert gëtt. Sanktioune bei Violatioun vum Code kënne bis zum Ausschloss vum Deputéierte bis zu engem Mount féieren - eng Verbesserung zum aktuelle System, dee guer keng Sanktioune virgesäit.

Ons Ännerungsvirschléi

Interessekonflikter, déi der Présidence gemëllt goufen, mussen dem Public offensichtlech gemaach ginn andeems se am gläichen Délai wéi d'Deklaratioune vun den Deputéierten op der Profilsäit vun den Deputéierten op dem Internetsite vun der Chambe publizéiert ginn. (Artikel 3)
Deputéierte sollen hiren Immobilienbesëtz an Terrainen zesumme mat den weidere finanziellen Interesse publizéieren. (Artikel 4, 2)
Amplaz e Stufesystem sollen Deputéierten hiert Interessen op den Euro an Cent genau publizéieren. Alternativ soll déi niddregst Stuf vun 5.000€ op 150€ (Bagatellgrenz fir Geschenker) erofgesat ginn. (Artikel 4, 2, h).
Deklaratioune vu Geschenker iwwer 150€ sollen sech, ausser am nooste Familljekrees, net op den Exercice als MandatsträgerIn beschränken. (Artikel 5, 1)


Den Avant-Projet proposéiert vun der Chamberkommissioun ass e Schrëtt no fir a Saachen Transparenz vun Niewenakommes vu lëtzebuerger Deputéierten - et geet awer besser! D'Chamber huet d'Méiglechkeet dem Laurent Mosar seng Deklaratioun vun 2011 wouer ze maachen - allerdéngs mussen dann nach e puer Verbesserungen um Projet virgeholl gi fir dass d'Chamber wierklech "eent vun den transparenteste Parlamenter" op der Welt ka ginn!

Kuckt och:

Dësen Artikel gouf verfaasst vum Jerry Weyer. Bei Froe steet d'Nummer 00352 661 860 401 zur Verfügung.

Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus

Ëmmer au Courant bleiwen. 
Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:

abgeordnetenwatch.de bei Facebook
abgeordnetenwatch.de bei Twitter
Politikercheck.lu
rue Principale
9091 Vichten
Tel: 00352 305996
email: info@politikercheck.lu

www.politikercheck.lu
Politiker Check Asbl
LU060019295593123000
B.I.C. : BCEELULL
BANQUE : BCEE





Politikercheck ass eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05

    mardi 5 mars 2013

    Niewenakommes oppe leeën - elo! Chamber blaméiert sech am internationale Verglach!



    Den aktuelle System vun den Deklaratioune vun Interessekonflikter an der Chamber ass chaotesch an bidd net d'Méiglechkeet finanziell, materiell a personell Dependancen transparent oppen ze leeën. An hirer Sëtzung vun Haut diskutéiert déi kompetent Chamberkommissioun iwwer eng Ännerung vun dëse Reegelen. Eng Modifikatioun ass dringend noutwenneg - den internationale Verglach weist: d'lëtzebuerger Chambre des Députés blaméiert sech par rapport zu Parlamenter op der ganzer Welt!


    Map erstallt mat der Hëllef vum @grischard. Eng gréisser Versioun ass hei ze fannen: Niewenakommes - internationale Verglach (grouss)

    Ugewise gi Länner, an deenen Deputéiert méi genau mussen iwwer hier Niewenakommes informéiere wéi zu Lëtzebuerg. E puer Beispiller:
    • Russesch Deputéiert mussen hiert Joresakommes an dat vun hiren Partner op den Rubel genau verëffentlechen. Z.b. Nikolai Valuev, fréiren Boxer, verdingt nieft sengem Mandat als Deputéierten an der Duma 23.283.455,44 Rubel (581.699€) am Joer. Och de Besëtz vun zwou Garagë muss en uginn.
    • Südafrikanesch Parlamentarier mussen och Geschenker mat geréngem Wäert ëffentlech deklaréieren. Z.B. Mbalula Fikile April, Minister fir Sport a Fräizäit, deen en USB-Stick fir ëmgerechent 12,90€ als Geschenk verëffentlecht.
    • Volleksvertrieder a Polen mussen hiert Akommes wéi och hiren Immobilienbesëtz an weider Eegentum oppe leeën. Z.B. Ewa Kopacz, Spriecherin vum Parlament, déi hier Krediter an Hypothéike detailléiert oplëscht.
    • Spuenesch Deputéiert mussen net nëmmen Niewenakommes, Immobiliebesëtz an Aktieverméigen komplett oppe leeën, mä och Privatgefierer. Z.B. José Maria Alonso Ruiz, deen seng Vespa, Baujoer 1985, deklaréiert.
    • Estesch Deputéiert mussen nieft hirem Niewenakommes och Immobilien oder Aktienbesëtz mat genauer Héicht verëffentleche.
    Net representéiert sinn weider Länner, déi z.B. gréisser Lobbyregister publizéieren oder Dispositioune bei weidere Kummere vu Parlamenter (z.B. Senat).

    Mindestens 25 Parlamenter vun 6 Kontinenter, déi méi transparent sinn wéi d'Chambre des Députés:
    • Armenien
    • Australien
    • Bulgarien
    • Brasilien
    • Chile
    • Däitschland
    • Estland
    • Irland
    • Island
    • Israel
    • Italien
    • Niederlande
    • Neuseeland
    • Philippinen
    • Polen
    • Portugal
    • Rumänien
    • Russland
    • Spuenien
    • Schweden
    • Südafrika
    • Thailand
    • Tschechesch Republik
    • Vereenegt Kinnekräich
    • Vereenegt Staaten vun Amerika

    Vill Länner weisen also, wéi Niewenakommes vun den Deputéiert kann ëffentlech an domadder fir jiddereen novollzéibar gemaach ginn. Muer stëllt d'Chamberkommissioun hier Propose fir eng Neiregelung fir - eng Verëffentlechung op Euro an Cent soll et awer net ginn, ma eng Stuferegelung. Mir analyséieren an onsem nächsten Artikel d'Propose an Detail. Den internationale Vergläich weist jiddefalls: eng Verëffentlechung op Euro an Cent vun allen finanziellen Interesse vun all Deputéierte funktionéiert op der ganzer Welt - wisou net och zu Lëtzebuerg?

    Kuckt och:

    Dësen Artikel gouf verfaasst vum Jerry Weyer. Bei Froe steet d'Nummer 00352 661 860 401 zur Verfügung.

    Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus

    Ëmmer au Courant bleiwen. 
    Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:

    abgeordnetenwatch.de bei Facebook
    abgeordnetenwatch.de bei Twitter
    Politikercheck.lu
    rue Principale
    9091 Vichten
    Tel: 00352 305996
    email: info@politikercheck.lu

    www.politikercheck.lu
    Politiker Check Asbl
    LU060019295593123000
    B.I.C. : BCEELULL
    BANQUE : BCEE





    Politikercheck ass eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05

      Niewenakommes oppe leeën - elo! Affekot, Banquier, Entrepreneur - Deputéierten als Niewenjob?



      Finanziell Dependancen tëscht PolitikerInnen an der Wirtschaft musse fir WielerInnen ze erkenne sinn. Nëmmen esou léist sech aschätzen, a wiem sengem Interessi Deputéierte schaffen. Den aktuelle lëtzebuerger System, baséierend op chaoteschen Deklaratiounem gëtt BiergerInnen allerdéngs net d'Méiglechkeet méiglech Interessekonflikter vu PolitikerInnen ze erkennen an anzeschätzen! Am zweeten Artikel an onser Serie "Niewenakommes oppe leeën - elo!" weise mir e puer Beispiller, wéi privat Interessen an d'Mandat als Deputéierten kënnen a Konflikt geroden.

      Avocat-Député


      13% vun den Deputéierten an der Chamber sinn Affekoten. Keen/g Deputéierten declaréiert allerdéngs ëffentlech méiglech Interessekonflikter, déi aus dëser Tätegkeet kënnen entstoen. Dobäi kommen esou Konflikter duerchaus fir:

      Den Jacques-Yves Henckes (Indépendant) schafft nieft sengem Mandat als Deputéierten als Affekot fir de Groupe HNA. Dëse Groupe ass un enger Partizipatioun mat der lëtzebuerger Fluchgesellschaft Cargolux intresséiert - enger Firma, un där de lëtzebuerger Staat bedeelegt ass. Op Nofro vu Politikercheck confirméiert den Jacques-Yves Henckes den Interessekonflikt an informéiert ons, dass dësen der Chamber deklaréiert gouf. Um Profil vum Deputéierte ass dës Deklaratioun net ze fannen - Deklaratioun ass am PDF Protokoll vum Débat d'Orientation iwwer d'Zukunft vun der lëtzebuerger Aviatioun verstoppt.

      Den Interessekonflikt ass fir BiergerInnen, déi sech op déi offiziell Deklaratioun verloossen, net ze erkennen!

      Entrepreneur-Député


      30% vun den Deputéierten deklaréiere momentan eng bezuelten Niewentätegkeeten oder Memberschaft an engem Firmen-Virstand. Weder Detailer (wéi Remunératioun, Geschenker oder bezuelte Reesen), nach Aktien-Partizipatioune gi Public gemaach - dobäi kënnen dës Niewentätegkeete gréisser Ausmoossen unhuelen:

      Den Deputéierten an fréiere Minister Michel Wolter (CSV) gëtt un, ouni weider Detailer ze nennen, am Virstand vun 6 Firmen aus dem Finanz- an Transportsekteur ze sëtzen an 2 weider Firmen ze geréieren (all bezuelten Tätegkeeten). Eng Héicht vun dem Akommes, esou wéi eng Dauer vun den Posten oder e Secteur vun den Entreprisë verheemlecht den Deputéierten. Genau esou feelt eng Deklaratioun vun eventuellen Interessekonflikter op sengem Profil oder während Seancen, z.B. bei Diskussiounen iwwer d'Finanzplaz Lëtzebuerg.

      Et bleift also onméiglech fir BiergerInnen anzeschätzen ob dem Michel Wolter seng Zouwennung éischter senge bezuelten Tätegkeeten oder sengem (Niewen?)mandat als Deputéierte gëllt.

      Banquier-Député


      10 Entreprisen aus dem Finanzsekter sinn direkt duerch bezuelten Niewentätegkeete vun Deputéiert an der Chamber representéiert. Weder ginn Detailer zu den Montants vun dëse Remunératioune verëffentlecht, nach eventuell Aktienpartizipatiounen vun Deputéiert. Dës iwwerflächlech Deklaratioune verheemleche méi, wéi se oppe leeën:

      De fréiere Minister an aktuellen Deputéierten Carlo Wagner (DP) war 2009 nach Direkter bei der Société Européenne de Banque S.A. An sengen aktuellen Deklaratioune gëtt hien dës Entreprise nach ëmmer als "Activité professionelle" un, awer ouni Detailer ze nennen: weder d'Positioun, nach eng Dauer vun der Aktivitéit oder eng Remunératioun gëtt verëffentlecht.

      Ass den Carlo Wagner, deen "niewebäi" nach Präsident vun der Bourse du Luxembourg ass, weiderhin an enger leedender Funktioun fir dës Bank täteg? De BiergerInnen gëtt dëst verheemlecht, an domat d'Méiglechkeet geholl anzeschätze wéi onofhängeg den Deputéierten a Froen, déi de Finanzsektor betreffen, debattéiert an ofstëmmt.

      Wéi onofhängeg sinn ons Deputéierten? Net ëmmer ass dëst einfach anzeschätzen- d'Informatiounen zu finanziellen, materiellen oder personellen Interesse vun den Parlamentarier, déi um Chamber Site publizéiert ginn, bidden wéineg bis guer keng Transparenz bei méiglechen Interessekonflikter. Dobäi geet et vill besser - mindestens 25 Parlamenter vun 6 Kontinenter sinn méi transparent wat Niewenakommes an Interessekonflikter vun Deputéierten ugeet. Wat z.B. a Russland, Chile oder Thailand Deputéierten alles mussen deklaréiere weisen mer Muer am drëtten Artikel vun der Serie: Niewenakommes oppe leeën - elo! Lëtzebuerg blaméiert sech am internationale Verglach!

      Kuckt och:

      Dësen Artikel gouf verfaasst vum Jerry Weyer. Bei Froe steet d'Nummer 00352 661 860 401 zur Verfügung.

      Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus

      Ëmmer au Courant bleiwen. 
      Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:

      abgeordnetenwatch.de bei Facebook
      abgeordnetenwatch.de bei Twitter
      Politikercheck.lu
      rue Principale
      9091 Vichten
      Tel: 00352 305996
      email: info@politikercheck.lu

      www.politikercheck.lu
      Politiker Check Asbl
      LU060019295593123000
      B.I.C. : BCEELULL
      BANQUE : BCEE





      Politikercheck ass eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05

      lundi 4 mars 2013

      Niewenakommes oppe leeën - elo! Aktuell Deklaratiounen onvollstänneg a chaotesch!



      Lëtzebuerger Deputéierte sinn am Géigesätz zu villen aner Länner op der Welt net verflicht hier finanziell a materiell Ofhängegkeeten detailléiert ze verëffentlechen. Domat hänkt d'Chamber a Saachen Transparenz vun Interessekonflikter allen Entwécklungen hannendran an Ofhängegkeete vun Deputéierte bleiwen de BiergerInne verbuergen. Déi zoustänneg Chamberkommissioun presentéiert den Mëttwoch eng éischt Versioun vun enger Modifikatioun vum Règlement a Saachen Niewenakommes - mir weisen an dësem Artikel, dass dëst onbedéngt néideg ass!

      Aktuell Situatioun: Theorie


      All Deputéierte soll, op eege Verantwortung an ouni Sanktioun béi net-Respekt, bezuelten Aktivitéiten a finanziell, materiell a personell Ënnerstëtzung beim Büro vun der Chamber deklaréieren.

      Artikel 168 Réglement interne de la Chambre des Députés

      L’administration parlementaire tient un registre où tout député déclare:
      • ses activités professionnelles ainsi que toute autre fonction ou activité rémunérée ;
      • les soutiens financiers, en espèces, en personnel ou en matériel, venant s’ajouter aux moyens fournis par le Parlement et alloués au député dans le cadre de ses activités
        politiques par des tiers, avec indication de l’identité de ces derniers.
      Les déclarations au registre sont faites sous la responsabilité personnelle du député et doivent être mises à jour.

      Le Bureau peut formuler périodiquement une liste des éléments devant, à son avis, être déclarés au registre.

      Le registre est public. Il est publié sur le site internet de la Chambre et peut être consulté auprès de l’administration parlementaire.

      Praxis: verstoppte Formulairen an chaotesch Angabe


      Fir d'éischt muss den Formulaire emol fonnt ginn - keng einfach Aufgab: d'Chamber verstoppt dës Informatioune regelrecht.



      Ass de Formulaire fonnt (souwäit en existéiert) erweisen sech déi chaotesch Angabe vun den Deputéierte méi als Versuch vun der Desinformatioun wéi als Opklärungsversich:

      Onlieserlech Angabe: handschrëftlech Angaben, déi schwéier bzw. net ze entziffere sinn.

      Paul-Henri Meyers


      Claude Meisch


      Onkomplett Angabe: feelend Angaben, z.B. Employeur oder Positioun an der Entreprise

      Marcel Oberweis


      Marc Spautz


      Guer keng Angabe: komplett feelend Formulairen.

      Georges Engel, Alexandre Krieps


      D'Formulairen existéieren och nëmmen a PDF Form. Sou loossen sech Donnéeën net ausliesen a maschinell vergläichen.

      Finanziell Dependancen tëscht PolitikerInnen an der Wirtschaft musse fir WielerInnen ze erkenne sinn. Nëmmen esou léist sech aschätzen, a wiem sengem Interessi Deputéierte schaffen. Den aktuelle lëtzebuerger System gëtt BiergerInnen allerdéngs net d'Méiglechkeet méiglech Interessekonflikter vu PolitikerInnen ze erkennen an anzeschätzen!

      Wisou dëst Feelen un Transparenz ka problematesch sinn weise mer Muer an engem weideren Artikel: Affekot, Banquier oder Entrepreneur - Deputéierten als Niewenjob?

      Kuckt och:

      Dësen Artikel gouf verfaasst vum Jerry Weyer. Bei Froe steet d'Nummer 00352 661 860 401 zur Verfügung.

      Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus

      Ëmmer au Courant bleiwen. 
      Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:

      abgeordnetenwatch.de bei Facebook
      abgeordnetenwatch.de bei Twitter
      Politikercheck.lu
      rue Principale
      9091 Vichten
      Tel: 00352 305996
      email: info@politikercheck.lu

      www.politikercheck.lu
      Politiker Check Asbl
      LU060019295593123000
      B.I.C. : BCEELULL
      BANQUE : BCEE





      Politikercheck ass eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05