D'Institutioune-Kommissioun huet den Mëttwoch 6. Mäerz en Avant-Projet vun engem "Code de Conduite" fir Deputéierte presentéiert. Déi aktuell Reegele sinn chaotesch an verstoppe méi, wéi se oppe leeën - d'Chamber gesäit, grad no der Affär Wickrange/Livange, Grond fir d'Reegelen ze änneren a proposéiert en neien Code de Conduite. E grousse Kritikpunkt: den Stufesystem.
Déi aktuell Propose am Iwwerbléck
Den Code de Conduite soll Interessekonflikter net verbidden, ma als "Système d'Alerte" agéieren andeems méiglech Konflikter oppe geluecht ginn.
Interessekonflikter endlech definéiert
Chd.lu |
Dës Regelung ass wichteg fir d'Vote vun Deputéierte kënnen anzeschätzen. Allerdéngs sollten dës Deklaratiounen och dem Public zur Verfügung stoen, an net nëmmen dem Präsident deklaréiert ginn!
Deklaratioun vu finanziellen Interessen - ouni Immobilien an Terraine
30 Deeg no der Assermentatioun oder no engem Changement an den Deklaratioune mussen Deputéierten hier finanziell Interessen oppe leeën (Artikel 4 - 1). Heimatter ännert den Avant-Propos eng wichteg Lacune am aktuellen Text: en Délai bei de Publikatiounen.
Et mussen deklaréiert ginn:
- Berufflech Tätegkeete bis 3 Joer virun der Assermentatioun als Deputéierten, sou wéi d'Partizipatioun an deem Zäitraum an Conseils d'Administration, ONGs, Associatiounen oder weider Organisatiounen,
- Aktuellt Akommes resultéierend aus politesche Mandater,
- Aktuellt Akommes nieft der Aarbecht als Deputéierten,
- Aktuell Partizipatioun an Conseils d'Administration, ONGs, Associatiounen oder weider Organisatiounen,
- All weider bezuelten Aktivitéit iwwer 5.000€ am Joer (z.B. Rieden oder kënschtleresch Tätegkeeten),
- Partizipatioun an Organisatiounen, déi en Afloss op Ëffentlechkeet kéinten hunn,
- All weidert Akommes fir politesch oder anerwäerteg Tätegkeeten.
De Problem vum Stufesystem
Laut Kommentare vum Avant-Projet baséiert d'Propose haaptsächlech op den Systemer aus Frankräich, der Belsch, Däitschland an dem Europaparlament. Wisou grad dës Länner gewielt goufen ass onkloer - sinn se dach am internationale Verglach net dofir bekannt, déi transparenteste Reegelen a Saachen Niewenakommes ze hunn. Esou léist sech allerdéngs d'Inclusioun vum Stufesystem erklären, dee souwuel an Däitschland wéi och am Europaparlament benotzt gëtt.
Déi aktuell Propose ass allerdéngs problematesch: Deputéierte sollen net hier finanziell Interesse komplett oppe leeën, ma a Kategorien tëscht 5.000 an 10.000, 10.001 bis 50.000, 50.001 - 100.000, an iwwer 100.000€ d'Joer andeelen.
Dëse System erlaabt er weiderhin Niewenakommes ze verstoppen - sou léist sech an der Stufe 2 (10.001 bis 50.000€) z.B. Akommes mat engem Ënnerscheed vun 49.999€ pro Joer verstoppen - ouni Begrënnung!
Donieft ass déi niddregst Stuf 5.000€ d'Joer (zum Verglach: an Däitschland sinn et 1.000€). Dës Stuf ass vill ze héich ugesat - och finanziell Avantagë vun z.B. 4.000€ kënnen en Interessekonflikt bedeiten!
De Stufesystem huet an Däitschland versoot - Lëtzebuerg soll de Mutt hunn direkt déi transparenteste Method ze wielen an Deputéierten hiert Niewenakommes op Euro an Cent verëffentlechen!
Geschenker - limitéiert Transparenz
Den Avant-Projet gesäit fir, dass Deputéiert keng Geschenker dierfen unhuele mat engem Wäert iwwer 150€. Geschenker ënner 150€ mussen deklaréiert an publizéiert ginn.
Dës Reegele gëllen allerdéngs nëmme fir Geschenker déi Deputéiert am Exercice vun hirer Funktioun als Deputéiert kréien! Privatgeschenker, ausser bezuelte Reesen, bleiwe weiderhi verbuergen! Dëst ass besonnesch kritesch bei Geschenker mat héijem Wäert - schenkt z.B. e Promoteur engem Deputéierten eng Rolex, da soll dëse finanziellen Interêt och publizéiert ginn!
Bei bezuelte Reesen ass den Avant-Projet méi kloer: all vun Drëtten (ausser international Organisatiounen) bezuelte Rees muss deklaréiert ginn.
Sanktioune
Iwwerwaacht gëtt d'Applikatioun vum Code de Conduite vun engem onofhängegen "Comité de Conduite", deen aus Memberen ausserhalb vun der Chamber besteet an vum Bureau vum Parlament nominéiert gëtt. Sanktioune bei Violatioun vum Code kënne bis zum Ausschloss vum Deputéierte bis zu engem Mount féieren - eng Verbesserung zum aktuelle System, dee guer keng Sanktioune virgesäit.
Ons Ännerungsvirschléi
Interessekonflikter, déi der Présidence gemëllt goufen, mussen dem Public offensichtlech gemaach ginn andeems se am gläichen Délai wéi d'Deklaratioune vun den Deputéierten op der Profilsäit vun den Deputéierten op dem Internetsite vun der Chambe publizéiert ginn. (Artikel 3)
Deputéierte sollen hiren Immobilienbesëtz an Terrainen zesumme mat den weidere finanziellen Interesse publizéieren. (Artikel 4, 2)
Amplaz e Stufesystem sollen Deputéierten hiert Interessen op den Euro an Cent genau publizéieren. Alternativ soll déi niddregst Stuf vun 5.000€ op 150€ (Bagatellgrenz fir Geschenker) erofgesat ginn. (Artikel 4, 2, h).
Deklaratioune vu Geschenker iwwer 150€ sollen sech, ausser am nooste Familljekrees, net op den Exercice als MandatsträgerIn beschränken. (Artikel 5, 1)
Den Avant-Projet proposéiert vun der Chamberkommissioun ass e Schrëtt no fir a Saachen Transparenz vun Niewenakommes vu lëtzebuerger Deputéierten - et geet awer besser! D'Chamber huet d'Méiglechkeet dem Laurent Mosar seng Deklaratioun vun 2011 wouer ze maachen - allerdéngs mussen dann nach e puer Verbesserungen um Projet virgeholl gi fir dass d'Chamber wierklech "eent vun den transparenteste Parlamenter" op der Welt ka ginn!
Kuckt och:
- Niewenakommes oppe leeën - elo! Chamber blaméiert sech am internationale Verglach!
- Niewenakommes oppe leeën - elo! Affekot, Banquier, Entrepreneur - Deputéierten als Niewenjob?
- Niewenakommes oppe leeën - elo! Aktuell Deklaratiounen onvollstänneg a chaotesch!
Dësen Artikel gouf verfaasst vum Jerry Weyer. Bei Froe steet d'Nummer 00352 661 860 401 zur Verfügung.
Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus
Ëmmer au Courant bleiwen.
Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:
Politikercheck.lu rue Principale 9091 Vichten Tel: 00352 305996 email: info@politikercheck.lu www.politikercheck.lu | Politiker Check Asbl LU060019295593123000 B.I.C. : BCEELULL BANQUE : BCEE |
Politikercheck ass eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire