Lëtzebuerg huet als eent vu wéinege Länner kee Gesetz wat Bierger(innen) e Recht of Informatioun gëtt oder di néideg Prozedure garantéiert, dass de Staat sengen Awunner Rechenschaft schëlleg ass. De Lëtzebuerger Staat befënnt sech domat an zweiwelhafter Noperschaft zu Länner wéi Nordkorea, Kuba, Wäissrussland oder Kasachstan. Ännerung a Siicht? Net wierklech...
Screenshot http://www.rti-rating.org CC BY-SA |
Weltwäit hunn laut Access Info Europe! iwwer 90 Länner en Informatiounsfräiheetsgesetz. Nei derbäi koumen an de läschte Méint z.B. de Yemen (2012), Brasilien (2011), d'Mongolei (2011) oder Nigeria (2011). Zu Lëtzebuerg gouf schonn am Juni 2000 d'Proposition de Loi 4676 (kompletten Text) deposéiert fir esou e Gesetz anzeféieren - zënterhier ass et ni zu engem Vote komm!
Informatiounsfräiheetsgesetz - a Right to Know
D'Ziel vun engem Informatiounsfräiheetsgesetz ass, dass d'Bierger(innen) Accès op staatlech Donnéeë kréien. Dëst "Recht ze Wëssen" (Right to Know) gesäit fir, dass staatlech Informatioune fräi zougänglech gemaach ginn, zu gerénge Käschten an op simpel Nofro vun engem/r Bierger(in).
D'Prozedur ka verschidden Ausnahme virgesinn, z.B. Dokumenter déi d'Sécurité nationale betreffen, lafend Verfahren oder perséinlech Donnéeë vu Privatpersounen. Den oder d'Bierger(in), déi d'Demande stellt muss kee Grond ugi wisou dës Dokumenter ugefrot ginn!
Wichteg ass bei engem Informatiounsfräiheetsgesetz, dass all Refus vum Staat d'Informatiounen ze publizéiere muss motivéiert ginn an et eng Méiglechkeet gëtt Appel géint dëse Refus anzeleeën.
"Lëtzebuerger Land" 30.11.2012 Photo: Wort.lu |
Zougang zu Informatiounen zu Lëtzebuerg - der Willkür vum Staat ausgesat
Wëll et bis Haut keen Informatiounsfräiheetsgesetz gëtt, ass eng Prozedur zur Verëffentlechung vu staatlechen Dokumenter zu Lëtzebuerg net méiglech. Och d''Convention du Conseil de l’Europe du 18 juin 2009 sur l’accès aux documents publics' gouf vu Lëtzebuerg net ënnerschriwwe. Interesséiert Bierger(innen), Journalist(innen)en oder betraffe Leit sinn alleng der Willkür vum Staat ausgesat.
Situation au 1/12/2012 |
D'Organisatioun Access Info Europe! krut z.B. 2011 nëmmen "aus Politesse" Accès op ugefroten Dokumenter. Grad mat den aktuelle Kritiken un geheimem Deals tëscht Politik a Wirtschaft, z.B. am Fall Léiweng oder Cargolux, ass et wichteg, dass de Grand Public Zougang op Dokumenter huet déi dës Aktioune kënnen opklären. Ouni journalistesch Aarbecht wier och den Ëmfang vun der Geheimdéngschtaffär net ëffentlech ginn - dës Aarbecht vun de Journalist(innen) gëtt awer duerch de Refus vun der Regierung en Informatiounsfräiheetsgesetz ze stëmmen extrem behënnert.
12 Joer Proposition de Loi zum Informatiounsfräiheetsgesetz ouni Resultat - feel de politesche Wëllen?
Wisou ass eng Proposition de Loi zu engem Informatiounsfräiheetsgesetz iwwer 12 Joer deposéiert ouni Resultat? Feelt de politesche Wëlle fir méi Transparenz?
Die vornehme Zurückhaltung der Behörden in punkto Informationen hierzulande liegt auch daran, dass der Luxemburger Premierminister selbst kein großer Freund von Transparenz ist [...] Obwohl Luxemburg eines der letzten Länder der Europäischen Union ist, das nicht über einen solchen Zugang verfügt, und selbst Länder wie Aserbeidschan und die Türkei ihren Bürgern einen voraussetzungslosen Zugang zu bestimmten Ämterinformationen einräumen, hat es sein Ministerium bis heute nicht fertig gebracht, ein entsprechendes Gesetz vorzulegen. [...] Dafür machte Jean-Claude Juncker am diesjährigen Neujahrsempfang den Journalisten einmal mehr deutlich, wie wenig er von einem Informationszugang hält.Magazin 'Forum', Ausgab Juni 2011, Kein Freund von Transparenz (Ines Kurschat)
Wéi geet et virun?
Wëll Dir eng Informatiounsauskonft, déi net mam Thema 'Ëmwelt' zesummenhänkt, hutt der aktuell keng Méiglechkeet äert Recht duerchzesetzen. D'Proposition de loi fir en Informatiounsfräiheetsgesetz läit säit 12 Joer an der Chamber - ouni Resultat. Op Nofroe vu Politikercheck.lu, wisou dësen Dossier net weider behandelt gëtt, huet den Rapporteur vun der Proposition de Loi, den Alex Bodry (LSAP), net reagéiert. Den 1. März 2012 gouf d'Propositioun zréck an d'Kommissioun verwisen - zanterhier gëtt et näischt neits méi zum Informatiounsfräiheetsgesetz. Dobäi wier et grad an dëse Wochen esou wichteg, dass Bierger(innen) e Recht hätten op ëffentlech Informatiounen!
Dësen Artikel gouf verfaasst vum Jerry Weyer. Bei Froe steet d'Nummer 00352 661 860 401 zur Verfügung.
Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus
Ëmmer au Courant bleiwen.
Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:
Politikercheck.lu rue Principale 9091 Vichten Tel: 00352 305996 email: info@politikercheck.lu www.politikercheck.lu | Politiker Check Asbl LU060019295593123000 B.I.C. : BCEELULL BANQUE : BCEE |
Politikercheck ass eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire