Offiziell Declaratiounen onvollstänneg, trotz 61% Niewenakommes!
Per Pressematdeelung ass d'Rechnung vum Deputéierte Serge Urbany den 21.11.2012 eraus gaangen: him bleiwen um Enn vum Mount Oktober 3255,67 € netto aus senge politeschen Tätegkeeten (dobäi kommen nach Jetons de Présence als Gemengeconseiller, de Montant gëtt an der Pressematdeelung net genau genannt) an 5.175,80 € netto aus Niewenakommes. Am Oktober huet den Serge Urbany also 8431,47 € netto verdéngt.
Dës Beispill wéist: Niewentätegkeeten kënnen e groussen Deel vum Akommes vun enger/m Deputéierten ausmaachen. Am Serge Urbany sengem Beispill sinn et knapp 61% vum Akommes wat iwwer Tätegkeeten nieft den politeschen Aufgabe verdéngt gëtt.
Di offiziell Reegelen a Saachen Niewenakommes gi bei wäitem net duer. Sou verëffentlecht den Serge Urbany zwar virun der Diskussioun zur Kierzung vum 13. Mount fir Deputéierten säin Akommes a fuerdert dëst och vun aner Deputéierten, selwer huet en den Formulaire, deen um Chamber Site publizéiert gëtt awer säit 2011 net méi aktualiséiert. Am aktuelle Formulaire feelt de genaue Montant wat hien als Jurist beim OGBL verdéngt. De Revenu duerch d'Jetons de Présence als Gemengeconseiller ginn net erwähnt. D'Gehalt als Deputéiert steet guer net am Formulaire.
Transparent an oppen - et geet wann Deputéierte wëllen!
Formulaire A Lucien Lux |
Wisou verëffentleche verschidden Deputéiert hier finanziell Interessen eréischt wann et Diskussioune ginn dës ze kierzen? Wisou ginn dës Informatiounen iwwer d'Press verdeelt amplaz op den offiziell dofir virgesinne Stellen? Wisou huele verschidden Deputéiert hier Verflichtung méi eescht wéi aner bei der Verëffentlechung vun Niewenakommes?
Wat jiddefalls kloer ass: di aktuell Reegelen zur Verëffentlechung vu finanziellen Interesse vun Deputéierte ginn net duer fir Bierger(innen) a Wieler(innen) eng adequat Aschätzung vun eventuellen Ofhängegkeeten ze ginn! Eng Publikatioun dierf weder vun dagespoliteschen Diskussiounen, nach vum gudde Wëlle vun de Deputéierten ofhänken - Lëtzebuerg brauch eenheetlech Reegelen, déi fir all Deputéierte gëllen!
An ausféierlechen Artikel zum Niewenakommes an der Intransparenz zu Lëtzebuerg ass hei ze fannen: Niewenakommes vu lëtzebuerger Deputéierten: souguer den Steinbrück ass méi transparent!
Dësen Artikel gouf verfaasst vum Jerry Weyer. Bei Froe steet d'Nummer 00352 661 860 401 zur Verfügung.
Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus
Ëmmer au Courant bleiwen.
Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:
Politikercheck.lu rue Principale 9091 Vichten Tel: 00352 305996 email: info@politikercheck.lu www.politikercheck.lu | Politiker Check Asbl LU060019295593123000 B.I.C. : BCEELULL BANQUE : BCEE |
Politikercheck
ass eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem
Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire