lundi 12 novembre 2012

D'Woch an der Chamber: Fracking, Erklärung zur EU an Aussepolitik an Strategie fir d'Aviatioun zu Lëtzebuerg

Dënschden 13. bis Donneschden 15. November geet d'Chamber an di nächst Seance. Mir stelle kuerz di interessantste Punkte fir, déi dës Woch wäerte vun den Deputéierten diskutéiert ginn.

Dënschden 13. November, ab 14:30: Heure d'Actualité zum Fracking

CC BY-NC-ND 2.0 rosefirerising (Flickr)
Op Motioun vun Déi Gréng gëtt um Enn vun der Seance iwwer d'eventuell Exploitatioun vu Schifergas am Süde vu Lëtzebuerg debattéiert. Dëst Thema hat eng Debatt tëscht den EU-Deputéiert Claude Turmes (Déi Gréng) an Robert Goebbels (LSAP) lancéiert, déi elo an der Chamber soll weider gefouert ginn.

Wat Fracking ass gëtt am Oscar-nominéierten (2011) Dokumentarfilm "Gasland" gewisen (Weider Informatiounen op Wikipedia (engl.)).

Mëttwoch 14. November, ab 14:00: Erklärung zur Europa- an Aussepolitik

D'Seance de Mëttwoch ass ausschliisslech der Erklärung zur Europa- an Aussepolitik vum Ausseminister Jean Asselborn gewidmet. Mat de Rezente Kontroversen iwwer d'Nominatioun vum Yves Mersch fir d'EZB, d'Debatt ronderëm den EU-Budget oder d'kontinuéierlech Ausenanersetzungen a Syrien wäert den Ausseminister wuel d'Positioun vu Lëtzebuerg an dësen an aneren Themen uschwätzen.

Donneschden 15. November, ab 9:00: Débat d'Orientation iwwer d'Strategie a Saachen Aviatioun
CC BY 2.0 markyharky (Flickr)

No den Entwécklunge bei Luxair a Cargolux an d'onduerchsiichteg Roll vun der lëtzebuerger Politik diskutéiert d'Chamber an dësem Debat iwwer d'generell Ausriichtung vun der Strategie a Saachen Aviatioun zu Lëtzebuerg. Dono gëtt op Antrag vum François Bausch (Déi Gréng) nach iwwer d'Nuetsflig um Findel diskutéiert.

Donneschden 15. November, ab 14:00: Debat iwwer Europa- an Aussepolitik

Nieft dem Debat a Vote iwwer d'Relatioune vu Lëtzebuerg mat de Länner Südkorea an Russland wäert dëst Seance ufänke mat dem Debat iwwer d'Erklärung zur Europa- an Aussepolitik vum 14. November vum Ausseminister Jean Asselborn.

Verfollege kënnt Dir d'Seance live iwwert den Chamber TV Stream op Chd.lu, oder direkt op dëser Säit:



Stream zur Verfügung gestallt vun Chd.lu.

Dësen Artikel gouf verfaasst vum Jerry Weyer. Bei Froe steet d'Nummer 00352 661 860 401 zur Verfügung.

Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus

Ëmmer au Courant bleiwen. 
Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:


abgeordnetenwatch.de bei Facebook
abgeordnetenwatch.de bei Twitter
Politikercheck.lu
rue Principale
9091 Vichten
Tel: 00352 305996
email: info@politikercheck.lu

www.politikercheck.lu
Politiker Check Asbl
LU060019295593123000
B.I.C. : BCEELULL
BANQUE : BCEE





Politikercheck ass eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire