CC BY-SA 2.0 erik langner (Flickr) |
Di gréissten Diskussioun gouf et iwwer di zwou obligatoresch "psycho-sozial" Consultatiounen an engem spezialiséierte Centre fir déi Fraen, déi iwwer eng Ofdreiwung nodenken. Den aktuelle Projet dee wäert an der Chamber diskutéiert an ofgestëmmt gi gesäit des zwou obligatoresch Consultatioune weiderhi vir.
D'Diskussioun leeft also weider an der Chamber dësen Donneschden iwwer den Avortement an d'Fro vun der Selwerbestëmmung vun der Fra.
Virum Debat iwwer den Avortement wäert d'Chamber iwwer den Projet de loi zur Transpositioun vun der EU-Richtlinn zu "ortsbewegliche Druckgeräte" diskutéieren an et gëtt en Debat d'Orientatioun iwwer de Finanzement vu groussen Infrastrukturprojekter di vum Staat realiséiert ginn (Extensioun vum Europäesche Geriichtshaff, Réaménagement an Extensioun vum Geriichtshaff zu Dikrech, Lycée vu Mondorf-les-Bains, Projet d'Extensioun vun den Ateliere Kräizbierg zu Diddeleng, Renovatioun vum Domaine thermal zu Mondorf, Rehabilitatioun vum Viaduc de Sennéngerbierg, Reaménagement vun der Gare vun Esch-sur-Alzette).
Dësen Agenda kéint bis en Donneschden nach änneren. Sou fuerdert d'LSAP am Zesummenhang mat den Entwécklunge bei Cargolux eng "question élargie" zum Thema fir den 22. November.
Weider Informatiounen iwwer d'Woch an der Chamber um Site chd.lu.
Verfollege kënnt Dir d'Seance live iwwert den Chamber TV Stream op Chd.lu, oder direkt op dëser Säit:
Stream zur Verfügung gestallt vun Chd.lu.
Dësen Artikel gouf verfaasst vum Jerry Weyer. Bei Froe steet d'Nummer 00352 661 860 401 zur Verfügung.
Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus
Ëmmer au Courant bleiwen.
Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:
Politikercheck.lu rue Principale 9091 Vichten Tel: 00352 305996 email: info@politikercheck.lu www.politikercheck.lu | Politiker Check Asbl LU060019295593123000 B.I.C. : BCEELULL BANQUE : BCEE |
Politikercheck ass eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire