Affichage des articles dont le libellé est Informatioun. Afficher tous les articles
Affichage des articles dont le libellé est Informatioun. Afficher tous les articles

mercredi 6 février 2013

Neie Projet zum Informatiounsfräiheetsgesetz: vill Exceptiounen, wéineg Wëllen zu wierklecher Informatiounsfräiheet!

Den 5. Februar 2013 huet den Jean-Claude Juncker, no 12 Joer Waardezäit, den neien Projet de Loi fir en Informatiounsfräiheetsgesetz deposéiert. Amplaz dovun ze profitéieren Lëtzebuerg als een vun den transparentesten Länner op der Welt z'etabléieren, steet och dësen Versuch vun engem IFG erëm wäit hannert deem, wat en biergerfrëndlechen, modernen Staat muss offréieren. Vum Informatiounsfräiheetsgesetz bleiwt en ageschränkt Informatiounszougangsgesetz iwwreg.

CC BY Pierre-Selim (Flickr)

 

Keng Publikatiounen vun allen Dokumenter op eegen Initiativ!


Den gréissten Feeler am Projet de Loi 6540 ass deen, dass just eng limitéiert generell Verëffentlechung vun administrativen Dokumenter gefuerdert gëtt. Amplaz zu Lëtzebuerg en OpenData Portal ze grënnen, an deem all Dokumenter eegestänneg vun den Administratiounen verëffentlecht musse ginn, gesäit den Projet just eng Publikatioun vun Dokumenter fir "déi e groussen Deel vun der Populatioun interesséieren".
Article 3: Les autorités publiques visées à l'article sont tenues de procéder à la publicafion,  sous une forme appropriée et facilement accessible au public, des documents qu'ils  détiennent et qui concernent des sujets susceptibles d'intéresser une large partie de  la population. Ces documents sont diffusés dans la mesure du possible moyennant  les nouvelles technologies de l'informafion et de la communicafion.
Domat stellt sech Lëtzebuerg wäit hannert neisten Entwécklungen wéi z.B. an Hamburg wou Donnéeën proaktiv vun den Administratiounen mussen verëffentlecht ginn. D'Fro muss gestallt ginn, wéi d'Administratiounen sollen aschätzen kënnen op e groussen Deel vun der Bevëlkerung un engem Dossier interesséiert ass.

Wien ze vill wëll wëssen muss bezuelen!


Den Projet gesäit fir, dass eventuell, bei villen Ufroen, d'BiergerInnen mussen fir dës Verëffentlechungen bezuelen.

Article 4: [...] (4) Un règlement grand-ducal peut fixer une redevance à payer par le demandeur en  cas de délivrance de copies d'un document. Cette redevance ne peut excéder le coût  réel des frais de reproduction.
 Den Commentaire vum Artikel:
Afin de permettre toutefois à l'administration de parer à une situation qui pourrait se  présenter en raison de demandes trop nombreuses ou portant sur des domaines  dans lesquels des copies en noir et blanc rendent le document incompréhensible, le  paragraphe (4) prévoit la possibilité de fixer une redevance en cas de délivrance de  copies d'un document.
Konkret bedeit dëst, dass et z.B. net méiglech wier den Manktem vun enger proaktiver Verëffentlechung säitens der Administratioun ze combléieren andeems een all Dokumenter via Demande ufreet.


Keng Obligatioun no Open Data Standards ze verëffentlechen!


Och d'Form vun der Verëffentlechung muss verbessert ginn: sou gesäit den Projet zwar eng "transmission électronique" fir, allerdéngs gëtt néirens virgeschriwwen a wéi engem Format dës Publicatioun muss geschéien. Sou ass et méiglech, dass Dokumenter an net-durchsichbaren PDF Formater verëffentlecht ginn amplaz a maschinneliesbarem Format.

Wäitreechend Exceptiounen verhënneren wierklechen Zougang!


CC BY-NC Twyford (Flickr)
En Informatiounsfräiheetsgesetz gesäit an der Regel Exceptiounen fir - sou och den aktuellen Projet. Leider sinn nieft den allgemeng unerkannten Ausnahmen wéi Dokumenter mat privaten Donnéeën, mat Bezuch zu lafenden Geriichtsaffären oder en Relatioun mat der nationaler Sécherheet och weider, vill ze déifgräifend Exceptiounen virgesinn:

  • Den Projet betrëfft keng Dokumenter vun der Chamber, dem Conseil d'Etat, der Médiatrice oder der Cour des Comptes (Article 1). Den Grond, deen fir dës Ausnahm genannt gëtt, ass d'Ofgrenzen vum "pouvoir exécutif". Keen iwwerzeegende Grond fir BiergerInnen Informatiounen zu dësen Institutiounen, mat Steiergelder bezuelt a fir d'BiergerInne schaffend, ze verweigeren.
  • Dokumenter, dären Publikatioun d'Propriété Intellectuelle vun enger Persoun verletzen kënnen falen aus dem Gesetz eraus (Article 4, 1). Dëst bedeit, dass z.B. Publicatiounen vun Avis'en oder Etuden vun Privatentreprisen, erstallt am Optrag vun der Regierung a mat Steiergelder bezuelt, kéinte refuséiert ginn, wëll dës Entreprisen sech op hier Droits d'Auteurs beruffen.
  • D'Verëffentlechung vun Dokumenter, déi Geschäftsgeheimnisser oder commerziell oder industriell Donnéën enthalen dierft refuséiert ginn (Article 4, 1). Wéi problematesch dëse Punkt ass wéist d'Beispill vun 2010 wou den Wirtschaftsminister zesummen mat Enovos d'Publicatioun vun der "Cegedel Netzstudie" mat dësen Argumenter wollt verhënneren. Dësen Punkt muss zumindest méi enk gefaasst ginn fir ähnlech juristesch Ausernanersetzungen wéi déi mat Greenpeace ze vermeiden.
  • Verhandlungen vun der Regierung falen och aus dem Domaine vum Gesetz (Article 4, 1). Sou kann d'Regierung sech weiderhin weigeren enger Demande op Publikatioun vun Verhandlungsdokumenter mat Privatentreprisen oder Gewerkschaften (z.B. Sëtzungsprotokoll vun der Tripartite) no ze kommen.
  • Administratiounen kënnen d'Verëffentlechung refuséieren, wann déi gefroten Dokumenter nach net finaliséiert goufen (Article 4, 3). Dëst gëtt den Administratiounen en principe d'Méiglechkeet all Dokument, wat net verëffentlecht soll ginn, ënner Verschloss ze halen andeems et einfach als "inachevé" declaréiert gëtt!

Den Projet de Loi 6540 ass e Fortschrëtt: Lëtzebuerg wier net méi eent vun den eenzege Länner op der Welt ouni Informatiounsfräiheetsgesetz. Méi ass dës Propose awer och net - den transparenten Staat scheitert zu Lëtzebuerg weiderhin um politeschen Wëllen fir eng biergerno Administratioun an en informéierten Public!

Dësen Artikel gouf verfaasst vum Jerry Weyer. Bei Froe steet d'Nummer 00352 661 860 401 zur Verfügung.

Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus

Ëmmer au Courant bleiwen. 
Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:

abgeordnetenwatch.de bei Facebook
abgeordnetenwatch.de bei Twitter
Politikercheck.lu
rue Principale
9091 Vichten
Tel: 00352 305996
email: info@politikercheck.lu

www.politikercheck.lu
Politiker Check Asbl
LU060019295593123000
B.I.C. : BCEELULL
BANQUE : BCEE





Politikercheck ass eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05

mardi 4 décembre 2012

12 Joer näischt geschitt: Regierung verhënnert Informatiounsfräiheetsgesetz

Recht op staatlech Informatioun, Auskunftspflicht fir Administratiounen, en oppenen an zougängleche Staatsapparat - eigentlech selbstverständlech. Besonnesch wichteg ass de Respekt vun dëse Rechter, wann de Staat selwer ënner Verdacht steet illegal gehandelt ze hunn - wéi an der aktueller Affär ëm den Geheimdéngscht. Zougang zu staatlecher Informatioun - zu Lëtzebuerg awer nach ëmmer kee Recht!

Lëtzebuerg huet als eent vu wéinege Länner kee Gesetz wat Bierger(innen) e Recht of Informatioun gëtt oder di néideg Prozedure garantéiert, dass de Staat sengen Awunner Rechenschaft schëlleg ass. De Lëtzebuerger Staat befënnt sech domat an zweiwelhafter Noperschaft zu Länner wéi Nordkorea, Kuba, Wäissrussland oder Kasachstan. Ännerung a Siicht? Net wierklech...

Screenshot http://www.rti-rating.org CC BY-SA

Klassement vun Informatiounsfräiheetsgetzer pro Land (rout= schlecht, gréng=gutt, gro=huet kee sou en Gesetz). Lëtzebuerg taucht am Rating net op, wëll et kee sou en Gesetz huet (all Land wat koloréiert ass huet en Informatiounsfräiheetsgesetz).

Weltwäit hunn laut Access Info Europe! iwwer 90 Länner en Informatiounsfräiheetsgesetz. Nei derbäi koumen an de läschte Méint z.B. de Yemen (2012), Brasilien (2011), d'Mongolei (2011) oder Nigeria (2011). Zu Lëtzebuerg gouf schonn am Juni 2000 d'Proposition de Loi 4676 (kompletten Text) deposéiert fir esou e Gesetz anzeféieren - zënterhier ass et ni zu engem Vote komm!

Informatiounsfräiheetsgesetz - a Right to Know


D'Ziel vun engem Informatiounsfräiheetsgesetz ass, dass d'Bierger(innen) Accès op staatlech Donnéeë kréien. Dëst "Recht ze Wëssen" (Right to Know) gesäit fir, dass staatlech Informatioune fräi zougänglech gemaach ginn, zu gerénge Käschten an op simpel Nofro vun engem/r Bierger(in).

D'Prozedur ka verschidden Ausnahme virgesinn, z.B. Dokumenter déi d'Sécurité nationale betreffen, lafend Verfahren oder perséinlech Donnéeë vu Privatpersounen. Den oder d'Bierger(in), déi d'Demande stellt muss kee Grond ugi wisou dës Dokumenter ugefrot ginn!

Wichteg ass bei engem Informatiounsfräiheetsgesetz, dass all Refus vum Staat d'Informatiounen ze publizéiere muss motivéiert ginn an et eng Méiglechkeet gëtt Appel géint dëse Refus anzeleeën.

"Lëtzebuerger Land" 30.11.2012 Photo: Wort.lu
Um Beispill vun der aktueller Affär vum Geheimdéngscht wier d'Applikatioun vun engem Informatiounsfräiheetsgesetz besonnesch interessant - iwwer 300.000 Karteikaarte vu lëtzebuerger Bierger(innen) soll den Geheimdéngscht ugesammelt hunn. Ouni eng Erklärung schëlleg ze sinn (z.B. wisou dës Informatiounen als relevant fir d'Securité nationale agestuuft ginn) oder d'Méiglechkeet zum Appel géint e Refus vun enger Publikatioun kann de Staat den Accès op dës Dokumenter zu dësem Zäitpunkt einfach refuséieren!

Zougang zu Informatiounen zu Lëtzebuerg - der Willkür vum Staat ausgesat

 

Wëll et bis Haut keen Informatiounsfräiheetsgesetz gëtt, ass eng Prozedur zur Verëffentlechung vu staatlechen Dokumenter zu Lëtzebuerg net méiglech. Och d''Convention du Conseil de l’Europe du 18 juin 2009 sur l’accès aux documents publics' gouf vu Lëtzebuerg net ënnerschriwwe. Interesséiert Bierger(innen), Journalist(innen)en oder betraffe Leit sinn alleng der Willkür vum Staat ausgesat.

Situation au 1/12/2012

D'Organisatioun Access Info Europe! krut z.B. 2011 nëmmen "aus Politesse" Accès op ugefroten Dokumenter. Grad mat den aktuelle Kritiken un geheimem Deals tëscht Politik a Wirtschaft, z.B. am Fall Léiweng oder Cargolux, ass et wichteg, dass de Grand Public Zougang op Dokumenter huet déi dës Aktioune kënnen opklären. Ouni journalistesch Aarbecht wier och den Ëmfang vun der Geheimdéngschtaffär net ëffentlech ginn - dës Aarbecht vun de Journalist(innen) gëtt awer duerch de Refus vun der Regierung en Informatiounsfräiheetsgesetz ze stëmmen extrem behënnert.

12 Joer Proposition de Loi zum Informatiounsfräiheetsgesetz ouni Resultat - feel de politesche Wëllen?

 

Wisou ass eng Proposition de Loi zu engem Informatiounsfräiheetsgesetz iwwer 12 Joer deposéiert ouni Resultat? Feelt de politesche Wëlle fir méi Transparenz?
Die vornehme Zurückhaltung der Behörden in punkto Informationen hierzulande liegt auch daran, dass der Luxemburger Premierminister selbst kein großer Freund von Transparenz ist [...]  Obwohl Luxemburg eines der letzten Länder der Europäischen Union ist, das nicht über einen solchen Zugang verfügt, und selbst Länder wie Aserbeidschan und die Türkei ihren Bürgern einen voraussetzungslosen Zugang zu bestimmten Ämterinformationen einräumen, hat es sein Ministerium bis heute nicht fertig gebracht, ein entsprechendes Gesetz vorzulegen. [...] Dafür machte Jean-Claude Juncker am diesjährigen Neujahrsempfang den Journalisten einmal mehr deutlich, wie wenig er von einem Informationszugang hält.
Magazin 'Forum', Ausgab Juni 2011, Kein Freund von Transparenz (Ines Kurschat)

En Beispill fir d'Oppositioun vun der Politik géint fräi zougänglech Informatioune wéist d'Beispill vun der "Cegedel Netzstudie". Ee ganzt speziellt Informatiounsfräiheetsgesetz gëtt et zu Lëtzebuerg: "Loi du 31 juillet 2005 portant [..] sur l'accès à l'information, la participation du public au processus décisionnel et l'accès à la justice en matière d'environnement [..]" Dëst Gesetz erlaabt et Interesséierten Informatiounen iwwer staatlech Donnéeën ze kréien, soulaang se sech ausschliisslech op d'Thema Ëmwelt bezéien. Greenpeace huet sech géint d'Regierung, de Wirtschaftsminister Krecké an d'Netzbedreiwer Creos an Enovos missen duerch all Instanzen kloe fir vun hirem Recht Gebrauch ze maachen. Dëst wéist den politesche Widderstand géint en oppenen an transparente Rechtsstat!

Wéi geet et virun?

 

Wëll Dir eng Informatiounsauskonft, déi net mam Thema 'Ëmwelt' zesummenhänkt, hutt der aktuell keng Méiglechkeet äert Recht duerchzesetzen. D'Proposition de loi fir en Informatiounsfräiheetsgesetz läit säit 12 Joer an der Chamber - ouni Resultat. Op Nofroe vu Politikercheck.lu, wisou dësen Dossier net weider behandelt gëtt, huet den Rapporteur vun der Proposition de Loi, den Alex Bodry (LSAP), net reagéiert. Den 1. März 2012 gouf d'Propositioun zréck an d'Kommissioun verwisen - zanterhier gëtt et näischt neits méi zum Informatiounsfräiheetsgesetz. Dobäi wier et grad an dëse Wochen esou wichteg, dass Bierger(innen) e Recht hätten op ëffentlech Informatiounen!

Dësen Artikel gouf verfaasst vum Jerry Weyer. Bei Froe steet d'Nummer 00352 661 860 401 zur Verfügung.

Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus

Ëmmer au Courant bleiwen. 
Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:

abgeordnetenwatch.de bei Facebook
abgeordnetenwatch.de bei Twitter
Politikercheck.lu
rue Principale
9091 Vichten
Tel: 00352 305996
email: info@politikercheck.lu

www.politikercheck.lu
Politiker Check Asbl
LU060019295593123000
B.I.C. : BCEELULL
BANQUE : BCEE





Politikercheck ass eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05