CC BY Pierre-Selim (Flickr) |
Keng Publikatiounen vun allen Dokumenter op eegen Initiativ!
Den gréissten Feeler am Projet de Loi 6540 ass deen, dass just eng limitéiert generell Verëffentlechung vun administrativen Dokumenter gefuerdert gëtt. Amplaz zu Lëtzebuerg en OpenData Portal ze grënnen, an deem all Dokumenter eegestänneg vun den Administratiounen verëffentlecht musse ginn, gesäit den Projet just eng Publikatioun vun Dokumenter fir "déi e groussen Deel vun der Populatioun interesséieren".
Article 3: Les autorités publiques visées à l'article sont tenues de procéder à la publicafion, sous une forme appropriée et facilement accessible au public, des documents qu'ils détiennent et qui concernent des sujets susceptibles d'intéresser une large partie de la population. Ces documents sont diffusés dans la mesure du possible moyennant les nouvelles technologies de l'informafion et de la communicafion.Domat stellt sech Lëtzebuerg wäit hannert neisten Entwécklungen wéi z.B. an Hamburg wou Donnéeën proaktiv vun den Administratiounen mussen verëffentlecht ginn. D'Fro muss gestallt ginn, wéi d'Administratiounen sollen aschätzen kënnen op e groussen Deel vun der Bevëlkerung un engem Dossier interesséiert ass.
Wien ze vill wëll wëssen muss bezuelen!
Den Projet gesäit fir, dass eventuell, bei villen Ufroen, d'BiergerInnen mussen fir dës Verëffentlechungen bezuelen.
Article 4: [...] (4) Un règlement grand-ducal peut fixer une redevance à payer par le demandeur en cas de délivrance de copies d'un document. Cette redevance ne peut excéder le coût réel des frais de reproduction.Den Commentaire vum Artikel:
Afin de permettre toutefois à l'administration de parer à une situation qui pourrait se présenter en raison de demandes trop nombreuses ou portant sur des domaines dans lesquels des copies en noir et blanc rendent le document incompréhensible, le paragraphe (4) prévoit la possibilité de fixer une redevance en cas de délivrance de copies d'un document.Konkret bedeit dëst, dass et z.B. net méiglech wier den Manktem vun enger proaktiver Verëffentlechung säitens der Administratioun ze combléieren andeems een all Dokumenter via Demande ufreet.
Keng Obligatioun no Open Data Standards ze verëffentlechen!
Och d'Form vun der Verëffentlechung muss verbessert ginn: sou gesäit den Projet zwar eng "transmission électronique" fir, allerdéngs gëtt néirens virgeschriwwen a wéi engem Format dës Publicatioun muss geschéien. Sou ass et méiglech, dass Dokumenter an net-durchsichbaren PDF Formater verëffentlecht ginn amplaz a maschinneliesbarem Format.
Wäitreechend Exceptiounen verhënneren wierklechen Zougang!
CC BY-NC Twyford (Flickr) |
- Den Projet betrëfft keng Dokumenter vun der Chamber, dem Conseil d'Etat, der Médiatrice oder der Cour des Comptes (Article 1). Den Grond, deen fir dës Ausnahm genannt gëtt, ass d'Ofgrenzen vum "pouvoir exécutif". Keen iwwerzeegende Grond fir BiergerInnen Informatiounen zu dësen Institutiounen, mat Steiergelder bezuelt a fir d'BiergerInne schaffend, ze verweigeren.
- Dokumenter, dären Publikatioun d'Propriété Intellectuelle vun enger Persoun verletzen kënnen falen aus dem Gesetz eraus (Article 4, 1). Dëst bedeit, dass z.B. Publicatiounen vun Avis'en oder Etuden vun Privatentreprisen, erstallt am Optrag vun der Regierung a mat Steiergelder bezuelt, kéinte refuséiert ginn, wëll dës Entreprisen sech op hier Droits d'Auteurs beruffen.
- D'Verëffentlechung vun Dokumenter, déi Geschäftsgeheimnisser oder commerziell oder industriell Donnéën enthalen dierft refuséiert ginn (Article 4, 1). Wéi problematesch dëse Punkt ass wéist d'Beispill vun 2010 wou den Wirtschaftsminister zesummen mat Enovos d'Publicatioun vun der "Cegedel Netzstudie" mat dësen Argumenter wollt verhënneren. Dësen Punkt muss zumindest méi enk gefaasst ginn fir ähnlech juristesch Ausernanersetzungen wéi déi mat Greenpeace ze vermeiden.
- Verhandlungen vun der Regierung falen och aus dem Domaine vum Gesetz (Article 4, 1). Sou kann d'Regierung sech weiderhin weigeren enger Demande op Publikatioun vun Verhandlungsdokumenter mat Privatentreprisen oder Gewerkschaften (z.B. Sëtzungsprotokoll vun der Tripartite) no ze kommen.
- Administratiounen kënnen d'Verëffentlechung refuséieren, wann déi gefroten Dokumenter nach net finaliséiert goufen (Article 4, 3). Dëst gëtt den Administratiounen en principe d'Méiglechkeet all Dokument, wat net verëffentlecht soll ginn, ënner Verschloss ze halen andeems et einfach als "inachevé" declaréiert gëtt!
Den Projet de Loi 6540 ass e Fortschrëtt: Lëtzebuerg wier net méi eent vun den eenzege Länner op der Welt ouni Informatiounsfräiheetsgesetz. Méi ass dës Propose awer och net - den transparenten Staat scheitert zu Lëtzebuerg weiderhin um politeschen Wëllen fir eng biergerno Administratioun an en informéierten Public!
Dësen Artikel gouf verfaasst vum Jerry Weyer. Bei Froe steet d'Nummer 00352 661 860 401 zur Verfügung.
Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus
Ëmmer au Courant bleiwen.
Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:
Politikercheck.lu rue Principale 9091 Vichten Tel: 00352 305996 email: info@politikercheck.lu www.politikercheck.lu | Politiker Check Asbl LU060019295593123000 B.I.C. : BCEELULL BANQUE : BCEE |
Politikercheck ass eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire