mercredi 2 janvier 2013

D'Angscht vun der Politik virun direkter Demokratie an d'Hoffnung op Besserung

Eng Grupp vun engagéierte Bierger(innen) schreiwt e Gesetzesprojet, an e puer Méint méi spéit huet d'Staat Hamburg en ëffentlecht Informatiounsregister mat staatlechen Dokumenter. Sou geschitt di läscht puer Méint - en Beispill vun direkter Demokratie, wéi se a Lëtzebuerg net méiglech ass. Et gëtt awer Hoffnung op méi direkt Bierger(inne)bedeelegung: di aktuell diskutéiert Verfassungsreform gesäit vir d' 'Initiative populaire' anzeféieren!

Gesetzesinitiativen duerch d'Bierger(innen) net méiglech


Déi Lëtzebuergesch Verfassung gesäit keng Méiglechkeet fir Bierger(innen) eege Gesetzesvirschléi per Referendum ofstëmmen ze loossen, wéi dat z.B. zu Hamburg de Fall ass. Eenzeg d'Chamber als Organ vun der representativer Demokratie ass Legislateur zu Lëtzebuerg.

Vu Bierger(innen) initiéiert Gesetzer - wéi et funktionéiere kann erzielt de Gregor Hackmack, Grënner vun Abgeordnetenwatch.de an Initiator vun dem Transparenzgesetz zu Hamburg:



Ma souguer bei Decisiounen, déi d'Verfassung selwer betreffen dierfen d'Bierger(innen) zu Lëtzebuerg net per Defaut matbestëmmen!

Referendum: streng limitéiert - vun der Politik gefaart


Déi lëtzebuergesch Verfassung gesäit de Referendum an den Artikel 51 an 114 vir. D'Gesetz zum nationale Referendum erklärt d'Prozedur wéi Bierger(innen) kënnen den zweete Vote zu enger Verfassungsännerung an der Chamber duerch en Referendum ersetzen, falls di gewielter Vertrieder(innen) dëst refuséieren. E Referendum op eegen Initiative vu Bierger(innen) ass net virgesinn!

Referendum iwwer Verfassungsännerung per Ënnerschrëftenaktioun

Dës Prozedur ass extrem ëmständlech:
  • Am Ufank muss de Premier Minister préiwen, ob d'Demande vum Bierger(inne)comitée de gesetzleche Virlagen entsprécht.
  • Dono huet de Bierger(inne)comitée 2 Méint Zäit 25.000 Ënnerschrëften ze sammelen. Dës Ënnerschrëfte kënnen nëmmen op de Gemengen deposéiert ginn (Pabeier oder online Ënnerschrëfte sinn net méiglech).
  • Nëmme wann dës Konditiounen erfëllt sinn fënnt den eigentleche Referendum statt, wou iwwer 50% vun de Wieler(innen) musse fir d'Verfassungsännerung stëmmen.
Eng Prozedur, di bis Haut nach ni Erfolleg hat. Ufank 2009 krute Bierger(innen) knapps 800 Ennerschrëften gesammelt fir d'Verfassungsännerung zum Grand-Duc senge Pouvoirs per Referendum ofstëmmen ze loossen - eng Decisioun, déi am Mäerz 2009 schliisslech vun der Chamber ouni Bedeelegung vun der Bierger(innen) geholl gouf.

Referendum per Décisioun vun der Chamber

De Vote per Referendum kann och vun der Chamber decidéiert ginn. Dozou mussen 16 Deputéierten dofir stëmmen. Et ginn allerdéngs nach Bedenken an der Politik Bierger(innen) entscheeden ze loossen, z.B. am Fall vun der Verfassungsreform:
Der LSAP-Präsident Alex Bodry erklärte am 27. September Tageblatt Online: „Wir sind nicht gegen eine Volksbefragung. Ein Referendum wäre kein Drama. Aber man muss sich die Frage stellen: ‚Ist sie [die Volksbefragung] zwingend?‘“ [...] Er sieht in einem Referendum vor der endgültigen Abstimmung im Parlament eine Möglichkeit „eine[r] echte[n] demokratische[n] Beteiligung der Bürger“. Das Resultat der Befragung könne dann der Arbeit der Abgeordneten die Richtung vorgeben. (forum.lu)

Virun allem déi zu där Zäit regéierend Parteie gesi bindend Referenden kritesch - a Lëtzebuerg hunn an den bis Haut 4 Referenden d'Bierger(inne)meenung net mat där vun der Regierung iwwerenee gestëmmt. An der lëtzebuerger Geschicht gouf et 4 Referenden:
  • 28 September 1919: Staatsform an Wirtschaftsunioun mat Frankräich (2 Referenden an engem Dag): Lëtzebuerger(innen) stëmme fir d'Monarchie an fir eng Unioun mat Frankräich.
  • 6 Juni 1937: Opléisung vun der kommunistescher Partei: knapp iwwer 50% vun de Bierger(innen) sinn dogéint, nodeems d'Chamber mat grousse Majoritéit fir e Verbuet vun der neier politescher Konkurrenz gestëmmt hat.
  • 10 Juli 2005: Europäesch Verfassung: Lëtzebuerger(innen) stëmme fir d'Verfassung, allerdéngs net mat der vun der Politik erhoffter Majoritéit.
Dës Erfahrunge loosse verschidde Politiker(innen) un der Method Referendum zweiwelen:
Im Januar 2011 erklärte der Premierminister dann, dass er ein Referendum für „keine gute Idee“ halte. „Luxemburg hat keine guten Erfahrungen mit Referenden gemacht“, so wird Paul-Henri Meyers (CSV) im Luxemburger Wort vom 30. August 2012 zitiert. „Im Prinzip“ ist Meyers jedoch für ein Referendum, was er im November gegenüber RTL bekräftigte. (forum.lu)


Obwohl die repräsentative Demokratie an allen Ecken und Enden ein Legitimationsdefizit hat und die gewählten Vertreter oftmals verzweifelt zugeben, wie wenig sie sich von der eigenen Bevölkerung „getragen“ fühlen, überwiegt das Misstrauen,wenn sich Außenstehende tatsächlich einmischen wollen. Die Angst vor Kontrollverlust ist groß und politische Beteiligung scheint gerade in Krisenzeiten eher ein Risiko darzustellen als eine Chance[...].(Jürgen Stoldt, Mehr Demokratie wagen?, 'Forum' November 2012)


Trotz allen Zweiwel wäerten d'Oppositiounsparteien allerdéngs viraussiichtlech fir en Referendum iwwer d'Verfassungsreform stëmmen, a sou de Bierger(innen) d'Méiglechkeet ginn iwwer d'zukünfteg Staatsstrukturen vum Land ze entscheeden.

"Initiative législative populaire" - Verfassungsreform mëscht Hoffnung!


Aktuell gëtt et zu Lëtzebuerg keng Méiglechkeet fir Bierger(innen) Gesetzesvirschléi op eegen Initiative anzebréngen. Och Referenden sinn streng geregelt an politesch onerwënscht. Déi aktuell Propose fir eng Verfassungsreform mëscht awer Hoffnung op méi direkt Demokratie:
Art. 86. L’initiative législative populaire est réglée par la loi.



Eng bierger(inne)frëndlech Méiglechkeet eege Gesetzestexter ofzestëmmen hänkt vun der genauer Ausschaffung vun den Délais'en, Quoren an bürokrateschen Hürden of. Dës Detailer gi vun den gewielte Vertrieder(innen) an der Chamber per Gesetz festgeluecht. Obwuel d'Reaktiounen zu engem méigleche Referendum zur Verfassungsreform zeréckhalend sinn, géif di aktuell Propose der Chamber eng kloer Aufgab op de Wee ginn direkt Demokratie zu Lëtzebuerg ze stäerken!

Dësen Artikel gouf verfaasst vum Jerry Weyer. Bei Froe steet d'Nummer 00352 661 860 401 zur Verfügung.

Responsabel fir Politikercheck: Yves Gruber a Sascha Majerus

Hëlleft Politikercheck.lu an gidd Supporter(in)!

Ëmmer au Courant bleiwen. 
Politikercheck.lu an de sozialen Netzwierker:

abgeordnetenwatch.de bei Facebook
abgeordnetenwatch.de bei Twitter
Politikercheck.lu
rue Principale
9091 Vichten
Tel: 00352 305996
email: info@politikercheck.lu

www.politikercheck.lu
Politiker Check Asbl
LU060019295593123000
B.I.C. : BCEELULL
BANQUE : BCEE





Politikercheck ass eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05

Aucun commentaire:

Publier un commentaire