lundi 23 août 2010

Newsletter August

politikercheck.lu

Mesdames et Messieurs,
léif Ënnerstëtzerinnen an Ënnerstëtzer vu Politikercheck.lu,


Dass den Här X mat senger Fro eng regelrecht Lawin géif un d'Rulle bréngen, hätt hie selwer den drëtte Mee dëst Joer bestëmmt net geduecht.

Wat war geschitt?

Eis Pensiounsreserven ginn a Waffekonzerner investéiert a Lëtzebuerg verstéisst soumat géint d'Konventioun vun Oslo, déi de Finanzement vun ënnert aanerem Armes à sous munition also Streemunitioun wei z.B. Tellerminnen, matt 25000 Euro bis hin zu enger Millioun Euro Geldstroof an zwesche 5 an 10 Joer festem Prisong bestroft.

Den Här X huet dunn den Här Hoffmann vun déi Lénk via politikercheck den drëtte Mee 2010 gefrot, ob hie kéint eng Question Parlamentaire maachen, wien dësen Invest vun eise Pensiounsfongen ze veräntweren huet.

Klickt hei fir d'Fro ze liesen

Genau dat huet den Här Hoffmann dunn och gemaach, an eng 6deeleg Question Parlamentaire ausgeschafft an ugefrot, wourops hin dës Affaire elo an sämtleche Presseorganer ze fannen ass, vum RTL bis Wort, Tageblatt,

iwwerall war dem Här X säin Uleies public gemaach ginn, dank engem Bierger an dem Här Hoffmann vun déi Lénk via de Politikercheck.luHei klicken fir d' Question Parlamentaire iwwert dës “Bluttdividenden“ an eise Pensiounsfongen
ze liesen

Mir si gespaant ob d' Äntwert vun eisen 2 LSAP Ministeren dem Här Asselborn an dem Här Di Bartolomeo an halen Iech selbstverständlech um Lafenden an dëser Affaire.

Mir wëllen a mussen d'Demokratie dem 21Jorhonnert upassen an dësen moraleschen Aarmut an der Chamber als eng grouss Chance gesinn, fir en amélioréierten Dialog zwësche Bierger a Politiker op d'Been ze bréngen.

Well och wann d'Regierung dem einfache Bierger dacks eng Äntwert refuséiert – di schrëftlech Demande vun engem Deputéierte muss beäntwert ginn!

Iwwer politikercheck.lu kenne mir net nëmmen eis Deputéiert, mä och eis Regierung kontrolléieren a förderen.

Iwwert dëse Portal kenne mir eis also këmmeren an amëschen!

Keng Fro gëtt refuséiert, et sief se verstéisst géint eise ModeratiounsCodex.

Mir kennen Afloss huelen, andeems mir Froe stellen an zesummen mat eisen Deputéierten d'Politik beaflossen.

Little Brother is watching back!

Stellt Iech vir: All d'Mënschen zu Lëtzebuerg géifen de Politikercheck.lu kennen a benotzen – eist Land wier en anert!

Maacht Eis Visioun zur Wierklechkeet.

Maacht Reklamm fir politikercheck.lu an ënnerstëtzt eis mat enger Donatioun,

well Transparenz an der Politik ass net geschenkt.

Firwat ass Politikercheck net staatlech gefördert, schliisslech huet dëse Portal eng Utilité Public?
99% vun de Froen un eis Deputéiert iwwer politikercheck.lu si kritesch Froen an meeschtens onbequem. Fir dass dës Froen net a ferner Zukunft duerch finanziellen Drock "verschwannen", kenne mir eis net vun där Hand fiddere loossen an déi mir heiansdo bäissen. Dohier wëllen an dierfe mir eis net ofhängeg maachen vu staatlechen oder europäesche Stëftungen.

Mir sinn e BiergerPortal dofir wëlle mir och dass d'Biergerinnen a Bierger eis a Form vu Weidersoen, Förderbeiträg an eemolegen Donatiounen ënnerstëtzen fir dass Politkercheck.lu dofir suerge kann dass eis Deputéiert kritesch ënnert d'Lupp geholl ginn.

Är Donatioun vu scho 5Euro un gëtt eis Planungssécherheet fir d'Zukunft an erméiglecht eis d'Server- wei Entwecklungskäschten bei abgeordnetenwatch.de ze bezuelen, eise Projet weider z' entwéckelen an ob d'Gemengen auszebauennach virun de Gemengewahlen.





Villmools Merci fir Är Ënnerstëtzung a vergiesst net ären direkten Drot an d'Chamber an d'EU Parlament och an Ärem Entourage public ze maachen an virun allem denkt drun, dass et keng domm Froen ginn, mä just.....

Vu Lëtzebuerg gréisst Iech, stellvertriedent fir d' komplett politikercheck.lu Team d' Fondateuren vu politikercheck.lu

Yves Gruber a Sascha Majerus,


Ëmmer au Courant bleiwen. 
Politikercheck.lu an de soziale Netzwierker:

Politikercheck.lu
Asbl
rue Principale
9091 Vichten
Tel: 00352 305996
email: info@politikercheck.lu

www.politikercheck.lu
Politiker Check Asbl
LU060019295593123000
B.I.C. : BCEELULL
BANQUE : BCEE






Politikercheck as eng agedroen ASBL mat Siège zu Viichten registréiert bei dem Registre de Commerce et des Sociétés F8421 L100103066.05

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire